Festnamen no Déifställ an Abréch: Parfume vu bal 700 Euro matgoe gelooss, Handyen an Dokumenter aus Camionnette geklaut

E Méindeg um 7:30 Auer gouf en Abroch an e Container vun enger Baustell an der Rue de l'Eglise zu Esch gemellt. En Aarbechter hat hei eng verdächteg Persoun entdeckt an d'Police kontaktéiert. Éischten Informatiounen no sinn zwou Persounen an der Nuecht duerch eng Fënster an de Container gelongen. Béid goufe vun der Police festgeholl, bei hinne goufe geklaut Géigestänn fonnt.

Géint 14 Auer hat e Mann versicht, aus engem Geschäft an der Rue Alphonse Weicker an der Stad Parfumen am Wäert vu bal 700 Euro matgoen ze loossen. Hie gouf allerdéngs vu Sécherheetsleit gestoppt, festgehale bis d'Police op der Plaz war an op Uerder vum Parquet festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

En Dënschdeg géint 9:20 Auer war en Abroch an e Geschäft an der Avenue de la Gare gemellt ginn. Policeinformatiounen no hat sech e Mann mat Gewalt Accès zu engem Buttek verschaaft, andeems hien d'Agangsdier opgedréckt huet. Bannen huet en da sëllege Wuere matgoe gelooss, ier e bei der Sortie vun Employéeën a vun zwee Sécherheetsleit bemierkt a festgehale gouf. Wéi Policebeamten op d'Plaz koumen an de Verdächtege kontrolléiert hunn, hat sech erausgestallt, datt hien dee selwechten Dag scho wéinst zwee weideren Déifställ aus Geschäfter an der Avenue de la Gare opgefall war. Hien hat déi geklaute Saachen nach bei sech, dës goufe séchergestallt.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

E Mëttwoch am Nomëtteg dann en Déifstall aus enger Camionnette zu Bech-Klengmaacher. Zwee Mataarbechter haten d'Gefier wärend enger Liwwerung am Naumbergerwee stoe gelooss, wéi an dëst agebrach gouf. E Rucksak gouf duerchwullt, zwee Handyen a perséinlech Dokumenter goufe geklaut.

Owes um 19:10 Auer gouf et dann nach e versichten Abroch an en Haus an der Rue Abbe Edouard zu Garnech. Zwee Verdächteger wollten duerch de Gaart an en Haus abriechen, goufen awer vun engem Noper observéiert a si geflücht, wéi dësen op d'Plaz koum. D'Police huet spéider Beschiedegungen un der Kellerdier an un enger Terrassefënster festgestallt. Eng Sich no den Täter ass trotz Asaz vu sëllegen Unitéiten an och dem Policehelikopter ouni Erfolleg bliwwen.

D'Police erënnert an deem Kontext drun, besonnesch an den Hierscht- a Wanterdeeg wann et méi fréi däischter gëtt, säin Haus oder Wunneng adequat virun Abréch ze schützen. Tipps fannt Dir hei.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅