No déidlechem Brand zu Eeschpelt: Gemeng wollt d'Pensioun op den 1. Januar zoumaachen
Déidleche Brand zu Eeschpelt: Gemeng wollt Pensioun op den 1. Januar zoumaachen
D'Ëmstänn vum Doud vun engem 63 Joer ale Mann an der Stauséigemeng an der Nuecht op en Donneschdeg sinn dramatesch.
Bei engem Feier zu Eeschpelt an der Stauséigemeng ass eng Persoun gestuerwen, dat huet d'Police um Donneschdeg de Moie matgedeelt.
Et war e Mëttwoch den Owend géint 23 Auer, wéi d'Police op e Feier an der Duerfstrooss geruff gouf. Deen Ament ware 5 Persounen am Gebai.
4 konnten d'Haus verloossen, wärend een Awunner vermësst gouf.
Wärend de Läschaarbechten ass dunn e Mann vun 63 Joer dout am Haus fonnt ginn.D'Ursaach vum Feier ass nach onkloer.
De Parquet gouf informéiert an eng Enquête soll déi genee Brand- an Doudesursaach klären.
Informatioune vun der Gemeng no sinn zwou Persounen mat der Ambulanz an d'Klinik komm.
Gebaier waren zanter Jore wéinst Sécherheetsproblemer bekannt
Gebrannt huet et an der Nuecht op en Donneschdeg an enger Pensioun, iwwert respektiv nieft engem Café zu Eeschpelt.
Et handelt sech also ëm sougenannte "Kaffiszëmmeren", déi op 3 Gebaier opgedeelt sinn. An déi waren de Gemengeresponsabelen no zanter Jore scho wéinst Sécherheetsproblemer en Dar am An, seet de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune am RTL-Interview. Hie schwätzt zum Beispill vun enken Trapen, Elektreschinstallatiounen, déi net méi de Sécherheetsnormen entsprach hunn. Alles Saachen, déi gréisser Ëmbauaarbechten bedeit hätten.
Zanter 2022 hätt d'Gemeng scho Saachen ënnerholl, fir d'Proprietären op Sécherheetsverstéiss a Verstéiss géint d'Salubritéitsreegelen hinzeweisen. De Parquet vun Dikrech war mat am Coup an et gouf och Kontrollen op der Plaz.
Dat Dramatescht ass, d'Gemeng huet net méi spéit wéi den 22. Oktober decidéiert, datt d'Pensioun op den 1. Januar d'nächst Joer ee fir alle mol misst zougemaach ginn. Op d'mannst fir eng Persoun kéint déi Decisioun also elo ze spéit sinn.
"Am Mee dëst Joer gouf eng Visite des lieux gemaach. Do ass festgestallt ginn, dass een dat alles net méi sou kann toleréieren. D'Gemeng huet doropshin decidéiert, d'Haus zouzemaachen. En Arrêté de fermeture ass och dem Dierwiechter zougestallt ginn. Vum 1.Januar 2027 u sollt d'Haus definitiv zou sinn", sou de Maître Daniel Baulisch am RTL Gespréich.
Nieft de Sécherheetsmängel fënnt den Affekot et virun allem ganz bedenklech, dass an deem Haus friem Leit gewunnt hunn. "Wat net an der Rei ass, ass, datt offices sociaux vu Nopeschgemengen de Leit eng Adresse de référence ginn an an d'Nopeschgemenge schécken. An den zoustännege Buergermeeschter weess näischt. Dat ass keng glécklech Situatioun. De Buergermeeschter huet jo awer d'Recht ze wëssen, wien op sengem Territoire wunnt. Dat war hei net ëmmer ginn", Sou den Daniel Baulisch.
Stauséigemeng brauch Ënnerstëtzung vun den Nopeschgemengen
De Marco Koeune hält drop, datt nom Feier lo kee méi zréck an d'Pensioun dierf. D'Gemeng géif "händeringend" no Méiglechkeete sichen, fir déi Betraffe mënschewierdeg ënner Daach ze kréien.
D'Gemeng ass dowéinst mam Office social a Kontakt a wëll och d'Nopeschgemengen ëm Hëllef froen. D'Stauséigemeng selwer huet nämlech keng Noutlogementer.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Prinzipiell gesäit de Gemengepapp vun der Stauséigemeng déi ganz Politik an der Verantwortung, fir duerfir ze suergen, datt Leit aus sou Kaffiszëmmere mënschewierdeg liewe kéinten.
Offiziell net gewosst, wien alles an der Pensioun gewunnt huet
Wéi vill Leit genee en neit Ënnerdaach brauchen, kann de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng iwwregens net soen. Wéi sou dacks an deene Fäll waren net all d'Awunner adequat ugemellt. D'Stauséigemeng selwer weess offiziell vun 9 Leit. An der Pensioun gewunnt hunn der awer méi.
Liest dozou och:
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗