An engem Hotel zu Berlin: De bayresche Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger ass onerwaart gestuerwen

Déi däitsch Medie mellen, ass de bayresche Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger am Alter vun nëmme 55 Joer gestuerwen. Dat confirméieren héichrangeg Quellen aus der bayrescher Regierung.

Wéi et ënnert anerem säitens BILD heescht, soll de Minister a Chef vun de "Freien Wähler" a Bayern dout an engem Hotel zu Berlin fonnt gi sinn.

Ënnert anerem NTV mellt, dass den Hubert Aiwanger aus gesondheetleche Grënn bei der Ouverture vun engem Büro vun de "Freien Wähler" zu Berlin gefeelt hätt. Hie soll sech och ofgemellt hunn, well hie sech net gutt gespiert hätt. Spéider du gouf d'Läich vum Parteichef entdeckt.

De Parquet an d'Berliner Police ermëttelt dann och elo an deem Fall, fir auszeschléissen, dass Friemverschëlde beim Doud vum Aiwanger am Spill war.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅