Mompech: Al Wandrieder ginn ofgeseet : Wandrieder falen ëm ewéi Beem
Wandrieder falen ëm ewéi Beem
Zu Mompech an der Gemeng Rouspert-Mompech ginn den Ament 4 Wandrieder dem Buedem gläich gemaach. Si sinn zanter 2007 a Betrib. Dës Wandrieder ginn net gesprengt mee ofgeseet. Duerno gi si duerch zwee neier, méi performanter, ersat.
Sou performant Wandkraaftmille sinn net nëmmen op den Éisleker Koppe méiglech. Och am Guttland kënne si Stroum produzéieren.
"Zu Dippech hu mir viru Kuerzem eng Anlag a Betrib geholl", esou de Generaldirekter vu Soler, de Paul Zeimet. "Zu Steebrécke steet schonn eng, zu Peppeng och. An de nächste Jore wäerte mir och am Süden Anlage bauen zesumme mat der Sudenergie. Wichteg ass et, ëmmer méi no bei der Industrie, méi no bei den Autobunnen. Den Energiedësch vun der Regierung wëll, datt mir méi no bei d'Verbraucher kommen."
D'Material vun den demoléierten Tierm gëtt recycléiert: "De ganze Stol an d'Elektronik, déi drastescht, dat kann ee ganz gutt recycléieren."
D'Anne Slunecko am RTL Interview
D'Material gëtt recycléiert.
An e puer Deeg wäerten déi lescht zwee Wandrieder dem Buedem gläich gemaach ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗