No Walvictoire vun den US-Demokraten: Wäert vun Tesla- a SpaceX-Aktie fält e Mëttwoch däitlech

Nom Erfolleg vun den Demokrate bei den US-Kongresswalen hunn d'Aktie vum Tech-Milliardär Elon Musk sengen zwee Betriber Tesla a SpaceX däitlech Fiedere misse loossen. Bei Tesla ass et, nom Handelsstart zu New York, e Minus vun 3,82 Prozent pro Aktie, SpaceX-Aktien berzeechnen e Minus vun 2,65 Prozent.

Den Elon Musk hat bal eng hallef Milliard Dollar fir de Walkampf vun de Republikaner gespent, dorënner massiv Zommen am Texas. Genee an dësem Bundesstaat, an deem och de Firmesëtz vum Musk senger Entreprise ass, konnten d'US-Demokraten bei de Walen en Dënschdeg eng historesch Victoire fir sech verzeechnen.

Op de Finanzmäert huet den Erfolleg vun den Demokraten e Mëttwoch dann och d'Angscht gefiddert, dass déi gesetzlech Virgabe fir den Ausbau vu Rechenzentre fir Kënschtlech Intelligenz géife verschäerft ginn.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅