Statec: Inflatioun bleift méi laang wéi gemengt

Fir d'Sozialpartner hate se d'lescht Woch scho Berechnunge fir d'Tripartite virgezunn.

E Mëttwoch confirméiert de Statec a sengen neisten Inflatiounsprevisiounen, datt den Energieschock wéinst dem Krich tëscht den USA, Israel an dem Iran nach soubal net noléisst an datt déi héich Präisser an der ganzer Eurozon nach dat ganzt nächst Joer unhale wäerten.

Zu Lëtzebuerg louch d'Präissdeierecht am Oktober bei 2,7 Prozent. Dat ass liicht manner wéi nach am September.

D'Energie bleift zu Lëtzebuerg den Haaptmotor vun der Präissdeierecht. An dat och nach, viraussiichtlech, oder besser gesot, sou wéi et den Ament op der Welt ausgesäit, fir eng länger Zäit.

Et sief, de Krich am Mëttleren Oste kënnt awer nach méi séier op en Enn wéi geduecht. De leschte Mount gouf de Barrel Brent lo mol mat 106 Dollar gehandelt. De Präis vun de Gaskontrakter fir d'nächst Joer gëtt souguer zwee an en halleft mol méi héich virausgesot wéi nach am Januar.

D'Jill Schaul, Economistin beim Statec:

"Mir hu lo an eise Previsioune virgesinn, datt den Endgas-Präis 2027 kéint bis zu 10 Prozent eropgoen. Deen um Elektresche kéint, eise Previsiounen no, éischter erofgoen. Dat ass alles trotz de Mesuren, déi bis Enn des Joers verlängert ginn."

D'Energiehëllefen aus den Tripartiteaccorde kënnen d'Hausse also nëmmen zum Deel offiederen. Den Diesel huet trotz Tankrabatt am Oktober 47 Prozent méi deier kascht wéi nach am Januar. Beim Masutt ass et souguer nach méi.

"Beim Masutt bezilt een den Ament ëm déi 1,40 Euro de Liter, opgeronnt. Trotz der Remise vu 15 Cent. Dat si ronn 70 Prozent méi nach am Januar, wou mer nach keng Remisen haten".

D'Verlängerung vun den Energiehëllefe bréngt et awer fäerdeg, fir d'Inflatioun zu Lëtzebuerg ëm 0,7 Prozent d'nächst Joer ze drécken. An et ass am Endeffekt jo dorëms, wou et och geet. D'Präisshaussë gi besser iwwert d'Zäit verdeelt an de Präisschock gëtt no hannen decaléiert.

D'Jill Schaul nach emol: "Wann Enn '27 déi Hëllefen ewechfalen, da klammen d'Präisser natierlech rëm. Wat dann d'Inflatioun 2028 och rëm mechanesch no uewen dréckt."

Déi nächst Indextranche gëtt, fir den Ablack, egal a wéi engem Zenario vum Statec, an den éischte 6 Méint vum anere Joer erwaart. D'Onsécherheet ass den Ament aussergewéinlech, esou d'Ekonomistin.

Fir d'nächst Joer pendelen d'Previsiounen deemno tëscht 2 an 2,9 Prozent Inflatioun, jee nodeem, wéi sech d'Weltlag entwéckelt.

Déi neist Previsioune fannt Dir um Site vum Statec.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅