Zwee Chaufferen alkoholiséiert ënnerwee: An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Police zwee Fäll vun Alkohol um Steier festgestallt

Bei engem vun de Chauffere konnten d'Beamten Unzeeche vun Alkoholkonsum feststellen. Den Alkoholtest war positiv. De Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.

Kuerz drop, géint 1:40 Auer, huet d'Police an der Avenue Frantz zu Munneref e Chauffer kontrolléiert, deen däitlech ze séier ënnerwee an net ugestréckt war. Ausserdeem konnt hien och kee gültege Führerschäi virweisen. Den Alkoholtest war positiv. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅