Lëtzebuerger Politiker reagéieren op Midterms: Xavier Bettel: "Donald Trump muss elo Waasser a säi Wäi schëdden"
D'Resultat wier eendeiteg. Ma d'Demokrate missten elo awer beweisen, dass et hinnen net just dorëms geet, Decisiounen ze blockéieren, well se vum President kommen. Op der anerer Säit misst och den Donald Trump elo Waasser a säi Wäi schëdden, fir net bis déi nächst Walen e "Lame Duck" ze sinn, esou de Lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel.
E "Lame Duck", esou gëtt an den USA déi Situatioun genannt, wa sech jidderee géigesäiteg blockéiert an de President näischt méi ëmgesat kritt. "Dann ass jidderee lame, mee dann ass Amerika lame", esou den Ausseminister Bettel.
Et wéisst een awer och nach net, wat an den nächsten Deeg d'Reaktioune vis-à-vis zum Iran wäerte sinn. "Et ass moies eppes, et kann owes eppes aneschtes sinn." Dowéinst misst een elo ofwaarden, wéi sech d'Situatioun entwéckelt. Mee kloer ass awer fir de Xavier Bettel, dass et am Interêt vun den USA wier, wann no Positioune gesicht gëtt, déi Demokraten a Republikaner gemeinsam am Sënn vun der Populatioun kënnen agoen.
"Mee mäi klenge Fanger seet mir, esou wéi ech d'Charaktere kennen, dass dat eng Mission très difficile wäert ginn. Esou gesäit et aus, wann een d'Leit och kennt an d'Situatioun e bëssen analyséiert."
Dem Ausseminister no wier d'Resultat vun de Midterms awer och en däitlecht Zeechen a Richtung Europa. Et lount sech, géint extrem Positiounen an Diskriminatioun ze kämpfen, esou de Xavier Bettel. D'USA hätt elo kloer gewisen, dass si dëse Kulturkampf net méi wëllen.
"Déi America-First-Politik wäert nach viru goen."
De President Trump muss elo Rechenschaft ofliwweren, fir dat wat e mécht. Dat sot den Yves Cruchten, Vize-President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun zu de Resultater vun de Midterms an den USA.
"Ech erwaarde mer, dass de President net méi einfach esou kann duerchmarschéieren an eesäiteg Decisiounen huelen, ouni säi Parlament ze froen." Esou wéi dat mam Krich géint den Iran geschitt wier. Den Yves Cruchten gesäit dat mat als Grond fir de Choix, deen d'US-Amerikaner un der Wal-Urn getraff hunn.
D'Resultat géing allgemeng och weisen, dass de Rietspopulismus ka geklappt ginn, och an Europa. Et sollt ee sech awer och näischt virmaachen, "déi America-First-Politik wäert nach viru goen", esou den Yves Cruchten. Dowéinst misst sech och Europa méi eegestänneg opstellen.
De Vizepresident vun der aussepolitescher Kommissioun huet betount, dass Europa misst no sech kucken an op eegene Féiss stoen. Vun den Demokraten erwaart sech den Yves Cruchten, dass elo net just blockéiert gëtt. Dat wier soss net an hirem Sënn an och net am Interêt vun de Leit.
"Iwwerhaapt mol erëm Verlässlechkeet a Vertrauen"
Et wier mol eng Kéier eng gutt Nouvelle aus den USA, esou reagéiert de Laurent Zeimet, och Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, op d'Resultater vun de Midterms.
"Eng Nouvelle, well d'Amerikaner bewisen hunn, dass hir Demokratie fonctionéiert. Dass si mat grousser Majoritéit de President an hir Politik ausgebremst hunn. Dat mécht engem awer Courage fir déi nächst zwee Joer."
D'Midterms hunn e ganz däitlecht Zeeche ginn, do si sech d'Lëtzebuerger Politiker eens.
De Laurent Zeimet erwaart sech vum Walresultat, dass d'Demokraten "iwwerhaapt mol erëm Verlässlechkeet a Vertrauen" an d'Relatiounen tëscht Europa an den USA kéinte mat erabréngen. Et misst een awer bedenken, dass d'Demokraten eng grouss Partei mat ganz ënnerschiddleche Stréimungen a Meenunge sinn.
Hie géing hoffen, dass se sech elo net géigesäiteg "zerfleeschen", mee vill méi, dass se gëeenegt vis-à-vis vum Trump kënnen optrieden. Nëmmen da wier et och méiglech och "eng ganz Rei Courskorrekturen" hinzekréien, an éischter Linn, wat d'Bezéiunge mat Europa ugeet.
DP-Deputéierte Gusty Graas warnt no Midterms virun ze vill Optimismus
De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun huet eng éischt Aschätzung ginn.
Midterms: Gusty Graas warnt virun ze vill Optimismus
Et wär e kloert Zeechen, datt dem Trump seng Politik "echouéiert" ass. Den US-President wär ugeschloen. Glécklecherweis wär et sou e kloert an däitlecht Resultat. Dowéinst hätt den Trump och keen anere Choix, wéi d'Resultat unzeerkennen.
De Gusty Graas seet awer och, datt een elo net ze vill optimistesch dierft sinn. Den Trump wär innepolitesch extrem ugeschloen, mä aussepolitesch wéilt hie sech nach ëmmer als staarke Mann duerstellen. Hie wär nach ëmmer ieweschte Kommandeur vun der Arméi. An der Aussepolitik, wat zum Beispill d'NATO, de Putin oder d'Ukrain ugeet, wäert sech net vill änneren. D'Demokrate kéinten awer iwwert de Senat Afloss huelen.
Déi nächst Zäit wäert spannend ginn, sou den DP-Deputéierten, mee a court terme erwaart hie keng grondleeënd Ännerung an der Aussepolitik. Et géifen nach e puer Turbulenzen op eis duerkommen, sou de Gusty Graas. Amerika wäert deels nach onstabil bleiwen.
Liest dozou och hei:
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗