CGDIS-Ekippen am Asaz: Eng Camionnette huet zu Walfer gebrannt, ee Camion um Sennengerbierg

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Een éischten Asaz gouf et géint 20:50 Auer fir d'Pompjeeë vu Biissen. Hei hat an der Strooss "Op der Poukewiss" eng Sécherungskëscht gebrannt.

Géint 21:59 Auer waren d'Pompjeeën aus der Stad, vum Findel a vum Zenter Nidderaanwen-Schëtter op de Sennengerbierg geruff ginn, well hei e Camion Feier gefaangen hat.

An der Nuecht géint 2:45 Auer waren d'Pompjeeë vum Zenter Steesel-Walfer wéinst enger Camionnette a Brand op Walfer an d'Rue de la Gare geruff ginn.

An alle Fäll blouf et beim Materialschued an et gouf kee blesséiert.

Eng Camionnette huet zu Walfer gebrannt, ee Camion um Sennengerbierg

D'Ekippe vum CGDIS goufen op zwee Bränn geruff.

Eng Persoun bei Accident tëscht Izeg an Hesper blesséiert

Bei zwee Verkéiersaccidenter am Süde vum Land sinn e Mëttwoch de Mëtteg zwee Autoe kollidéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Géint 16.21 Auer waren an der Rue Josy Haendel zu Alzeng zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf kee blesséiert. D'Rettungsdéngschter vun Hesper an eng RTW-Ekipp aus der Stad waren am Asaz.

Kuerz drop, géint 16.24 Auer, koum et tëscht Izeg an Hesper zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. D'Rettungsdéngschter vun Hesper an eng Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.

Ausserdeem waren d'Pompjeeën zu Diddeleng am Asaz. Géint 11.52 Auer war an der Rue Dominique Lang eng Plack op engem Kachfeld a Brand geroden. Hei gouf kee blesséiert.

Dat geet aus dem CGDIS-Bulletin vu 17 Auer ervir.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅