Invité vun der Redaktioun (4. November) - Dr. Emile Bock: Noutfall- a Katastrophemedezin: Méi breet opgestallt fir zukünfteg Krisen
Invité vun der Redaktioun: Dr. Emile Bock
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
D'Covid-Pandemie, d'Klimakris an d'Virbereedung op méiglech Katastrophen hunn den Ustouss ginn, fir déi fréier Associatioun fir Noutfallmedezin méi breet opzestellen. D'SLMUC wëllt déi verschidde Beruffsgruppen zesummebréngen, déi bei medezineschen Noutfäll a Katastrophe gefuerdert sinn.
Net nëmmen Dokteren: Méi wéi 100 Memberen aus verschiddene Beräicher
Wärend déi fréier Associatioun, déi zanter 2016 bestanen huet, virun allem op Dokteren ausgeriicht war, mécht déi nei Struktur sech fir aner Beruffsgruppen op. Nieft Dokteren an Infirmièrë sinn ënner anerem Leit aus dem CGDIS, der Luxembourg Air Rescue an der Arméi vertrueden.
Um 4. November hat d'SLMUC 107 Memberen. D'Zil ass et, d'Erfarungen an d'Kompetenzen aus de verschiddene Beräicher ze bündelen, déi jonk Generatioun anzebannen an d'Widderstandsfäegkeet vum Land géintiwwer Krisen ze stäerken. D'Associatioun wëllt sech och als Uspriechpartner vun den ëffentlechen Autoritéite positionéieren, besonnesch bei der Virbereedung op Katastrophen an aner aussergewéinlech Situatiounen.
Anästhesiste si wëllkomm, trotz Diskussioun ëm de Samu
Och Anästhesiste kënnen an der neier Associatioun matmaachen. Am Mee hate sech Vertrieder vun der Anästhesie a Reanimatioun dogéint gewiert, datt och Urgentisten um Samu sollte kënne matfueren. Den Dokter Emile Bock relativéiert dëse Konflikt a schwätzt vun engem Stuerm am Waasserglas. Véier bis fënnef Anästhesisten hätte sech schonn der neier Associatioun ugeschloss a wieren och bei der ausseruerdentlecher Generalversammlung dobäi gewiescht. Fir hie steet d'Zesummenaarbecht am Vierdergrond. Déi verschidde Spezialitéite missten zesummeréckelen, fir d'Versuergung an d'Virbereedung op Krisen ze verbesseren. D'Fro vun der Besetzung vum Samu misst nach gereegelt ginn.
Expertis och ausserhalb vun de Spideeler abréngen
Déi fréier Associatioun wier vun der Politik scho gehéiert ginn an hätt zanter 2016 verschidde Fortschrëtter mat erméiglecht, esou den Emile Bock. Hie verweist ënner anerem op groussherzoglech Reglementer an e Rapport iwwer d'Urgencen. Elo wier et un der Zäit, d'Expertis vun der Noutfallmedezin nach méi ausserhalb vun den eegene Servicer anzebréngen. Dobäi geet et och ëm eng Zesummenaarbecht mam HCPN, dem Haut-Commissariat à la protection nationale.
D'SLMUC wëllt déi zoustänneg Acteuren uschreiwen a wier och scho kontaktéiert ginn, fir eng Kollaboratioun opzebauen. Konkreet sollen ënnerschiddlech Krisen-Zenarie virbereet a geüübt ginn. Dobäi misst gekuckt ginn, wéi déi verschidde Beruffsgruppen am beschten zesummeschaffen.
Lëtzebuerg ass preparéiert, mee d'Capacitéite si begrenzt
Op d'Fro, wéi gutt Lëtzebuerg op eng Katastroph mat ville Blesséierte preparéiert ass, äntwert den Emile Bock am Prinzip positiv. Et géifen effikass Pläng ginn, déi och reegelméisseg geüübt géifen.
All Spidol misst normalerweis eemol d'Joer obligatoresch esou en Zenario trainéieren. D'SLMUC wëllt dës Exercicer elo zesumme mat hire Partner méi breet opstellen an och Situatiounen ausserhalb vum Spidol abannen.
Gläichzäiteg erkennt den Emile Bock Grenzen un: D'Zuel vun den Operatiounssäll an de Schockraim ass limitéiert. Och beim Personal an den Infrastrukture géifen et Defie ginn. D'Associatioun wëllt dës uschwätzen an dozou bäidroen, Léisungen ze fannen.
Grenziwwerschreidend Hëllef spillt eng wichteg Roll
Bei enger gréisserer Katastroph wier Lëtzebuerg och op europäesch Solidaritéit ugewisen. Dem Emile Bock no besti scho Konventioune fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht.
Et géif reegelméisseg virkommen, datt franséisch Noutfall-Ekippen zu Lëtzebuerg intervenéieren. D'Prioritéit wier et, fir esou séier wéi méiglech eng Samu-Ekipp an en Dokter bei de Patient ze kréien. Dës Zesummenaarbecht géif schonn haut gutt funktionéieren.
Kompetenze vum Fleegepersonal besser unerkennen
Eng zentral Fuerderung vun der neier Associatioun ass eng besser Unerkennung vun de Kompetenze vum Personal an der Noutfallmedezin.
"Mir wëllen en fait vun enger Reconnaissance, en fait vun engem Diplom eriwwergoen op eng Reconnaissance vun de Kompetenzen."
Dr Emile Bock
Et dierft een also net nëmmen op den Diplom kucken, mee misst och déi zousätzlech Formatiounen an déi praktesch Qualifikatioune berécksiichtegen.
Den Emile Bock ënnersträicht, datt d'Personal héichqualifizéiert ass, vill Weiderbildunge mécht an ënner staarkem Drock schafft. Dës Aarbecht un éischter Front misst entspriechend unerkannt a valoriséiert ginn.
Als méiglecht Virbild nennt hien d'Belsch, wou et eng spezifesch Qualifikatioun fir Infirmièren an der Intensiv- an Noutfallmedezin gëtt. Lëtzebuerg kéint sech dorun inspiréieren, fir en änleche Modell opzebauen.
Obligatoresch Weiderbildung fir Doktere gefuerdert
Den Emile Bock bedauert, datt d'Formation continue fir Dokteren zu Lëtzebuerg nach ëmmer net obligatoresch ass. Et wier un der Zäit, eng entspriechend Flicht anzeféieren. A verschiddenen europäesche Länner géifen et Modeller ginn, déi gutt funktionéieren. A senger eegener Disziplin wier reegelméisseg Weiderbildung souwisou onverzichtbar, well d'Noutfallmedezin sech séier weiderentwéckelt. Sengem Wëssen no soll d'Organisatioun vun enger obligatorescher Weiderbildung an d'Hänn vum Collège médical geluecht ginn.
D'SLMUC wëllt och bei der Entwécklung vun der medezinescher Ausbildung op der Universitéit Lëtzebuerg matwierken. Zu engem komplette Medezinstudium géif och d'Noutfallmedezin gehéieren.
Éischt positiv Reaktiounen aus der Politik
Déi nei Associatioun hätt scho positiv Réckmeldunge kritt, esou den Emile Bock. Verschidde Rendez-vouse mat politesche Parteien a Fraktioune wiere geplangt. Do wëllt d'SLMUC hiert Uleies presentéieren an erklären, wéi si zu enger besserer Virbereedung op medezinesch Krisen a Katastrophe bäidroe kann.
E Mëttwoch de Moie waren déi medezinesch Kapazitéiten zu Lëtzebuerg Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗