Verschlësselt iwwermëttelt: US-Astronauten hunn hir Stëmm am Weltall ofginn

Op der internationaler Raumstatioun ISS hunn US-Astronauten un de Midterms deelgeholl. Iwwert en extra System sinn hir Stëmme sécher a geheim op d'Äerd geschéckt ginn.

Verëffentlecht: 03.11.26 20:43, Update: 03.11.26 21:47

Op der ISS ass och fir d'Midterms gewielt ginn.

Honnerte Kilometer iwwert der Äerd huun US-Bierger hir Stëmm fir d'Midterms ofginn. Allen dräi US-amerikanesch Memberen, déi aktuell op der internationaler Raumstatioun ISS sinn, hunn elektronesch gewielt an hire Stëmmziedel sécher un d'Autoritéiten op d'Äerd geschéckt, sou den Astronaut Anil Menon op de soziale Medien.

NASA-Astronaute kënnen zanter 1997 aus dem All un US-Walen deelhuelen. Den David Wolf war deemools deen éischten Amerikaner, dee seng Stëmm vun der Raumstatioun Mir ofginn hat. D'Ënnerlage gi verschlësselt iwwermëttelt mat Hëllef vum "Space Communication and Navigation"-System. D'NASA leet de Stëmmziedel vun New Mexico aus un de Mission Control Center am Johnson Space Center weider. Vun do geet et duerno weider un déi zoustänneg Beamte vun de jeeweilege Bezierker fir d'Auszielung.

Liest dozou och:

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅