No schwéierem Zuchaccident: Spueneschen Transportminister Oscar Puente zréckgetrueden

No schwéierem ZuchaccidentSpueneschen Transportminister Oscar Puente zréckgetrueden

Nom trageschen Accident mat 69 Doudesaffer huet den Oscar Puente seng Demissioun offréiert a wëllt och net méi un den nächste Walen deelhuelen.

Verëffentlecht: 03.11.26 21:37, Update: 03.11.26 21:49

De spueneschen Transportminister Oscar Puente ass vu senge Funktiounen zréckgetrueden.

De spueneschen Transportminister Oscar Puente huet en Dënschdeg seng Demissioun annoncéiert, nodeems virun enger knapper Woch bei engem schwéieren Zuchaccident 69 Persounen ëm d'Liewe komm waren. Et war dat zweet schwéiert Zuchongléck an engem Joer a Spuenien.

A sengem Message deelt de Puente mat, dass hien net nëmme vu senge Funktiounen als Transportminister zrécktrëtt, mee och net méi op de Lëschte fir déi nächst virgezunne Parlamentswalen Enn November wäert stoen. Bis ewell hat de Puente ëmmer refuséiert, vu sengem Posten zréck ze trieden.

Liest dozou och:

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅