De CGDIS deelt mat: Dräi Blesséierter an Accidenter op der A1 an der A13

En Dënschdeg de Mëtteg koum et zu zwee Accidenter op eisen Autobunne mat am Ganzen dräi Blesséierten.

Verëffentlecht: 03.11.26 17:11, Update: 03.11.26 18:57

En Dënschdeg de Mëtteg géint 12:30 Auer sinn op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng dräi Autoen aneneegerannt. Zwou Persounen hu Blessuren dovu gedroen. D'Pompjeeë vu Fréiseng, Munneref a Réimech, souwéi d'Ambulanze vun Diddeleng a Réimech waren op der Plaz.

Knapps zwou Stonne méi spéit, um 15:20 Auer, huet et eng weider Kéier op de Stroosse gerabbelt. Op der A1 tëscht dem Tunnel Cents an dem Rond-point Iergäertchen ass et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. D'Rettungsekippen aus der Stad hu sech em ee Blesséierten gekëmmert.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅