Job-Offer: RTL Lëtzebuerg sicht Freelance Audio Engineers
Fir eisen Audio-Service bei RTL Lëtzebuerg siche mir Freelance Audio Engineers, déi eis Ekipp flexibel bei Studio- a mobille Produktioune verstäerken.
Bei eis schaffs du ënner anerem mat:
- digitale Mëschpulter wéi Studer, Lawo, DHD, Allen & Heath an Yamaha
- Pro Tools fir Recording a Postproduktioun
- Riedel Artist Intercom
- Dante, AES67 a MediorNet
- Mikrofonéierung, Wireless-Systemer a Beschallung
- Broadcast-Audio- a Loudness-Standarde wéi EBU R128
Wat mir sichen:
Leit mat techneschem Verständnis, engem gudden Ouer an enger selbstänneger a verantwortungsbewosster Aarbechtsweis.
Wichteg ass eis och d'Loscht, sech an nei Technologien a Workflowen anzeschaffen a sech weiderzeentwéckelen.
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn an eisem Aarbechtsëmfeld relevant. Du solls dech an engem méisproochegen Team gutt verstännege kënnen a wuelfillen.
D'Asätz kënnen am Studio oder dobaussen ënnerwee sinn. Flexibilitéit fir verschidden Aarbechtszäiten, dorënner Schichtdéngscht, Weekender a Feierdeeg, ass dofir wichteg.
Wat mir bidden:
E passionanten Job an engem flotten Aarbechtsëmfeld mat vill Ofwiesslung a grousser Responsabilitéit am Déngscht vum Public.
Interesséiert?
Da mell dech bei eis op job@rtl.lu mat engem kuerze Profil, denger Erfarung an denger Disponibilitéit.
Mir freeën eis, vun dir ze héieren!
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗