Wieder-Bilan vu Meteolux: Mount Oktober méi naass a méi waarm wéi soss

De Mount Oktober war méi naass a liicht méi waarm wéi normalerweis. Dat geet aus dem Wieder-Bilan vum leschte Mount vu Meteolux ervir.

Verëffentlecht: 03.11.26 09:34, Update: 03.11.26 09:47

Um Findel goufe knapp 110 Liter Reen op de Meter Carré gemooss, dat sinn 33 Liter méi wéi d'Moyenne. Am Ganzen huet et op 16 Deeg gereent, dat ass een Dag méi wéi üblech. Niwwel gouf et och méi wéi soss an engem Oktober.

12 Niwweldeeg an iwwer 44 Stonnen Niwwel goufen op der Wiederstatioun um Findel gemooss. An et war e bësse méi waarm wéi soss an der Moyenne am Oktober mat 10,6 Grad an engem Maximum vu knapp 23 Grad.

Méi Detailer fannt Dir am Attachement hei

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅