E Samschdeg an e Sonndeg: Zéng Blesséierter bei sechs Accidenter
E Samschdegowend an e Sonndegmoie sinn d'Secouriste vum CGDIS dacks an den Asaz geruff ginn.

Géint 18:30 Auer e Samschdegowend ass en Auto an der Route de Kayl zu Diddeleng an e geparkten Auto gerannt. D'Pompjeeën an d'Secouriste vun Diddeleng hunn hei zwou blesséiert Persoune versuergt.
Um 20:52 Auer goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi en Auto um CR119 tëscht Kéideng an Allënster e Bam ze pake krut. Hei waren d'Ambulanciere vu Jonglënster an d'Pompjeeë vu Fëschbech am Asaz.
Kuerz virun 21:30 Auer ass en Auto op der Jean-Pierre-Buchler-Bréck an der Stad an d'Mauer gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Stater Pompjeeën an Ambulancieren.
Zwee weider Blesséierter gouf et, wéi um 2:25 Auer e Sonndegmoien zwee Autoen op der A6 an Direktioun Stad aneneegerannt sinn. Hei waren d'Pompjeeë vu Mamer an aus der Stad, grad ewéi d'Ambulanciere vu Mamer am Asaz.
Ronn eng Stonn méi spéit huet sech dann tëscht Folscht a Proz um CR116 en Auto iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. De Samu vun Ettelbréck, d'Ambulanciere vu Réiden an d'Pompjeeë vu Rammerech waren op der Plaz.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗