De CGDIS mellt: 3 Blesséierter bei Accidenter op der A7 an zu Rammerech

Kuerz no 14:30 Auer war et an der Jonctioun Gréngewald, vun der A7 op d'A1, zu engem Accident komm, wéi méi Autoen openee gerannt waren. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer, grad esou wéi d'Pompjeeë vu Jonglënster an Nidderaanwen.

Um 14:45 Auer war et zu Rammerech an der Rue des Artisans en Autosaccident ginn, an deem eng Persoun verwonnt gouf. D'Ambulanz vu Réiden an déi lokal Pompjeeë waren op d'Plaz.

Zu Bieles an der Rue de Hussigny hat um 11:30 Auer eng Fassad ugefaange mat brennen. D'Pompjeeë vun Esch a vum SaDiff waren dohin, fir d'Feier ze läschen.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅