Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Keng Goler tëscht dem HSV a Bayern, Remis tëscht Ipswich an Aston Villa
ManU huet donieft héich géint Brentford verluer. En Debakel gouf et fir Schalke bei der 1:8-Néierlag zu Paderborn.

An der Bundesliga stoungen um Samschdeg am Nomëtteg 4 Partien um Programm, an deenen net manner wéi 17 Goler gefall sinn.
Bayern München kann och zu Hamburg net wannen a kënnt beim HSV net iwwert en 0:0-Remis eraus. De Lëtzebuerger Enzo Dos Santos spillt mam BVB um Sonndeg nach géint Leverkusen. Dortmund kann de Virsprong an der Tabell op 4 Punkten ausbauen.
Paderborn a Köln konnte kloer Victoirë feieren. Mainz huet géint Union Berlin laang wéi de Verléierer ausgesinn, konnt d'Partie an de Schlussminutten awer dréinen.
An der Premier League gouf et déi nächst batter Néierlag fir Manchester United, déi weiderhin am Tabellekeller stieche bleiwen.
Bundesliga
HSV - Bayern 0:0
Bayern huet zu Hamburg vun Ufank un D'Heft an d'Hand geholl an Hamburg huet sech op d'Verdeedege konzentréiert. Et war deemno eng Partie op ee Gol ouni vill Ofschlëss. En Opreeger gouf et allerdéngs an der 44. Minutt. De Kimmich krut déi rout Kaart gewisen, well en de Rössing-Lelesiit mat den Hoer gerappt hat. An der 2. Hallschent war den HSV an Iwwerzuel, d'Bild um Terrain blouf awer dat selwecht. Hamburg stoung hannendran a Bayern huet ronderëm de Strofraum kombinéiert. E Gol sollt kenger Ekipp geléngen, esou datt et mam 0:0 op en Enn goung.
Köln - Elversberg 5:0
1:0 Bülter (8'), 2:0 S. El Mala (16'), 3:0 Bülter (39'), 4:0 Bülter (63'), 5:0 S. El Mala (68')
D'Ufanksphas huet der Heemekipp gehéiert. D'Geißböcke ware bësseg an den Zweekämpf a konnten an den éischte 16 Minutten duerch Bülter an El Mala zweemol markéieren. Elversberg huet fréi gepresst a sech och déi eng oder aner Chance erausgespillt, den drëtte Gol ass virun der Paus awer nees op der anerer Säit gefall. De Bülter hat getraff. Och no der Paus goung d'Show vu Bülter an dem Said El Mala weider. Béid Spiller hunn de Wee an de Gol nach emol fonnt. Elversberg war vum Rullo an huet déi héchst Defaite vun der Saison missen astiechen.
Paderborn - Schalke 8:1
1:0 ter Horst (21'), 2:0 Marino (39'), 3:0 Marino (45+4'), 4:0 Tigges (55'), 5:0 Marino (57'), 5:1 Aouchiche (59'), 6:1 Zeitler (73'), 7:1 Vidovic (85', Eelefmeter), 8:1 Götze (90+6')
Änlech wéi zu Köln war d'Partie zu Paderborn no der 1. Hallschent schonn entscheet. D'Heemekipp war efficace virum Gol an ass no engem Fräistouss duerch den ter Horst a Féierung gaangen. Schalke hat an der Suite zwou gutt Méiglechkeeten, Kurucay an Adamu konnten se awer net notzen. De Marino huet et op der Säit vu Paderborn zweemol besser gemaach a virun der Paus nach zweemol markéiert. Nom Säitewiessel wollt Schalke d'Spill maachen, d'Gäscht sinn dobäi awer an d'Kontere vun der Heemekipp gelaf. Tigges an nach emol Marino hunn op 5:0 erhéicht. An der Suite konnt Schalke zwar duerch den Aouchiche op 1:5 verkierzen, Paderborn huet awer net lass gelooss. Zeitler, Vidovic a Götze hu mat 3 weidere Goler fir d'1:8-Néierlag vu Schalke zu Paderborn gesuergt.
Mainz - Union 2:1
0:1 Haberer (37'), 1:1 Tietz (85'), 2:1 Caci (90+2')
Eng schwaach Partie kruten d'Spectateuren zu Mainz gebueden. Union Berlin war an der Paus duerch e Gol vum Haberer 1:0 vir. An den zweete 45 Minutte ass laang net vill passéiert, bis Mainz an der Schlussphas nach emol erwächt ass. Tietz a Caci konnten d'Partie mat hire Goler komplett dréinen.
Stuttgart - Frankfurt (18:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Premier League
ManU - Brentford 0:4
0:1 Wilson (19'), 0:2 Wilson (32'), 0:3 Ajer (82'), 0:4 Schade (90+1')
Manchester United waart zanter dem 30. August op eng Victoire an der Premier League, géint Brentford gouf et awer déi nächst Defaite. D'Gäscht waren an der Paus duerch zwee Goler vum Wilson mat 2:0 vir. Nom Säitewiessel hunn d'Red Devils probéiert erunzekommen, de Ball wollt einfach net an de Filet eran. An der 82. Minutt huet den Ajer op 3:0 erhéicht. Et sollt awer nach méi batter ginn, de Schade huet mam 4. Gol an der Nospillzäit fir d'Schlussresultat gesuergt. No 12 Spilldeeg läit ManU op der zweetleschter Plaz an der Tabell a kann do esouguer nach vu Crystal Palace iwwerholl ginn, well déi e Match manner hunn. Op de Mauricio Pochettino waart deemno vill Aarbecht.
Ipswich - Aston Villa (18:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Serie A
FC Turin - Lazio Roum (18 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Ligue 1
Angers - Lens (17:15 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
La Liga
Elche - Atlético Madrid (18:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗