Lëtzebuerger Futtbaler am Ausland: Tomas Cruz a Bodrumspor mat héijer Victoire

An der 3. däitscher Liga gouf de Vincent Thill vum Terrain gesat, den Aiman Dardari an Essen konnten op en Neits wannen.

Den Tomas Cruz am Asaz mat der Lëtzebuerger Nationalekipp géint Italien

Um Freideg an um Samschdeg waren nees eng Rei Lëtzebuerger uechter Europa an de verschiddene Ligen ënnerwee.

An der zweeter tierkescher Liga gouf et e 4:0-Succès fir Bodrumspor zu Sivassport. Den Tomas Cruz stoung 90 Minutten um Terrain. An der Tabell steet Bodrumspor den Ament op der 5. Plaz.

An der 3. däitscher Liga leeft et fir déi verschidde Lëtzebuerger ënnerschiddlech. Rot-Weiß Essen konnt sech 2:0 géint déi zweet Ekipp vun Hoffenheim behaapten a steet iwwergangsweis op der 1. Plaz an der Tabell. Den Aiman Dardari gouf an der 76. Minutt agewiesselt. Waldhof Mannheim huet géint déi 2. Ekipp vu Stuttgart 1:1 gläich gespillt. De Vincent Thill stoung wéi gewinnt vun Ufank un um Terrain, huet den Terrain an der 75. Minutt mat enger giel-rouder Kaart awer misse verloossen. Mannheim läit no 15 Spilldeeg mat 20 Punkten an der Mëtt vun der Tabell.

Freideg

Um Freideg huet Dinamo Batumi duerch den 2:0-Succès géint Dila Gori d'Tabelleféierung a Georgien nees iwwerholl. Den Dirk Carlson huet de Match duerchgespillt, den Enes Mahmutovic souz 90 Minutten op der Bänk.

An Dänemark gouf et en 1:1-Remis tëscht Sönderjyske a Bröndby. Et war en iwwerraschende Punkt fir den Tabelleleschten, bei dem de Mathias Olesen an der 81. Minutt agewiesselt gouf.

Hansa Rostock konnt sech an der 3. däitscher Liga 2:0 géint Havelse duerchsetzen. No senger giel-rouder Kaart war de Florian Bohnert gespaart an domadder och net am Kader.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

来自「RTL」的更多文章

查看全部文章

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab

相关阅读