Vu Black Friday bis Cybermonday: Deeg fir de gudden Ëmsaz fir d'Geschäftsleit a gutt Affäre fir d'Clienten

Mir hunn eis an der Stad emol ëmgelauschtert, wat d'Clienten an d'Geschäftsleit vun der Black Week halen.

Black Week: Affäre fir d'Clienten, Ëmsaz fir d'Geschäfter

Um éischte verlängerten Adventsweekend ginn et a vill Geschäfter an Online-Portaler reel Remisen.

De Black Friday, de Black Weekend an de Cybermonday. Fir d'Geschäftsleit sinn dës Deeg wichteg fir den Ëmsaz. E verlängerte Weekend, deels souguer eng ganz Woch oder méi, wou et Remise ginn, déi d'Clienten an d'Geschäfter oder op d'Online-Plattformen zéie sollen.

Vu Black Friday bis Cybermonday / Dany Rasqué

Bleift d'Fro, ob et Deeg sinn, op deenen de Client e gutt Geschäft mécht oder animéiert gëtt, fir de Portmonnie méi grouss opzemaachen. Ma déi Fro kann een natierlech net pauschal beäntwerten.

Deen een ass méiglecherweis op der Sich no enger gudder Affär, deen anere profitéiert fir Saachen ze kafen, fir déi e virun e puer Wochen däitlech méi bezuelt hätt - an um 1. Adventsweekend denkt een natierlech och schonn u Kaddoen. D'Presidentin vum Stater Geschäftsverband, d'Mireille Rahmé-Bley, weess aus Erfarung, datt et Clientë gëtt, déi ganz gutt preparéiert sinn.

"Ech mengen et ass ëmmer ganz intressant. Et si Leit, déi gutt organiséiert sinn. Déi gi schonn am viraus an d'Geschäfter kucken, siche sech schonn hir Saachen eraus an da kënnen se wierklech vergläichen ob dat och reell Remise sinn, oder net."

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab