Zu Biissen an Nidderaanwen: Bolt a Pony.ai testen aktuell zu Lëtzebuerg fënnef autonom Autoen

Sougenannt Robotertaxien wäerten och hei am Land getest ginn.

5 Robotertaxien zu Lëtzebuerg am Test

Ee Joer laang fuere 5 Taxien autonom duerch d'Land, fir sech un den europäeschen Trafick ze gewinnen.

Op de Lëtzebuerger Stroosse fuere vun elo u komplett autonom Gefierer. Déi europäesch Plattform VTC Bolt huet a Kooperatioun mam Stellantis-Grupp a mat der chineesescher Plattform Pony.ai, déi op autonoomt Fuere spezialiséiert ass, eng Testphas mat Roboter-Taxie lancéiert.

Zu Biissen an zu Nidderaanwen wäerte fënnef där Gefierer uganks agesat ginn. Am Laf vum Test, deen e Joer laang dauere soll, wäert de Programm no an no méi ausgeweit ginn, souguer bis an d'Stad, wou den Trafick méi dicht wäert sinn.

D'Autoe sollen an engem liewegen Ëmfeld, adaptéiert un Europa, getest ginn an net op enger Teststreck.

Europäesche Reegelen no wäert awer e Fuerer mussen u Bord sinn, deen am Noutfall agräife kann. Prinzipiell soll hien näischt upaken a just kontrolléieren, wéi de Won seng Aufgab erleedegt. Europa ass hannendran, wat autonom Fueren ugeet. D'USA a China sinn eis wäit viraus. Zu den Defien an Europa gehéiere Stroossen, déi an der Reegel méi enk sinn a vill verschidden Zorte Gefierer, déi sech d'Weeër deelen.

Ausserdeem maache Rond-pointen d'Funktionéiere vun de Roboterautoen och méi komplizéiert.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab