No Interventioun vu Greenpeace: Bau vu Google-Datacenter an der Belsch gestoppt

De Bau vun engem Rechenzentrum an enger Industriezon bei Charleroi soll ouni Geneemegung ugefaangen hunn.

Google dierf bei Charleroi einstweilen net weiderfuere mam Bau vun engem Data-Zenter.

An der Belsch ass bei Charleroi d'Konstruktioun vun engem Google-Rechenzenter gestoppt ginn. Et wier eng schwéier Strofdot constatéiert ginn, heescht et vun de regionalen Autoritéiten aus der Wallonie. Fir de Projet, dee sech iwwer dräi Hektar erstreckt, géing keng uerdentlech Baugeneemegung virleien.

Den Zenter soll an enger Industriezon an der Regioun Charleroi entstoen. D'Autoritéite wiere vu Greenpeace op de Fall opmierksam gemaach ginn. D'Ëmweltorganisatioun hat e Mëttwoch d'Aleede vun enger urgenter Prozedur bekannt ginn, nodeems mat Hëllef vun Dronebiller festgestallt gi war, dass d'Aarbechten am November, trotz feelender Geneemegung, ugefaangen haten.

Google hat 2024 den Accord fir de Bau kritt. Am selwechte Joer hat d'Tech-Entreprise awer och méi eng grouss Baufläch ugefrot, grad esou wéi d'Notze vum Waasser aus dem noe Floss Sambre, fir de Rechenzenter domat ze killen. Am urspréngleche Kontrakt war awer e loftgekillte Modell virgesinn. Greenpeace gehäit Google vir, trotz engem Widderruff vun der Geneemegung am August weidergemaach ze hunn.

Eng Reaktioun vu Google steet nach aus. Och a Finnland ass de Bau vun zwee esou Zenteren, aus änleche Grënn, op d'mannst virleefeg gestoppt ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab