Am éischte vun zwee Testmatcher: Rout Léiwinnen an Zypern trenne sech 2:2

E Freideg de Moien huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp hiren éischte vun zwee Frëndschaftsmatcher op Zypern gespillt. No 90 Minutte gouf et …

En 2:2-Remis gouf et e Freideg de Moie fir d'Rout Léiwinnen am Frëndschaftslännermatch géint Zypern. D'Goler fir d'FLF-Formatioun hunn d'Charlotte Schmit an d'Joana Lourenço geschoss.

D'Goler aus dem Match Zypern-Lëtzebuerg

No zwee komplizéierten Testmatcher am Oktober war den Ufank géint Zypern direkt däitlech besser fir d'Lëtzebuergerinnen. D'Ekipp vum Trainer-Duo Cristina Correia an Daniel Zirbes huet direkt méi vum Match gehat a sech lues a lues an d'Partie erageschafft.

Richteg geféierlech gouf et op béide Säiten am Ufank awer seelen. E puer Mol hate sech d'FLF-Dammen no enger hallwer Stonn no vir gespillt. Méi wéi ee schwaache Kappball vum Joana Lourenço war awer bis dohinner net dobäi erauskomm.

D'Charlotte Schmit huet dat awer kuerz drop spektakulär geännert. D'Nationalspillerin krut an der Mëtt ze vill Plaz gelooss a sou huet si et einfach mol aus der Distanz probéiert. De Schoss aus ronn 25 Meter ass ëmmer méi laang ginn a schlussendlech iwwert d'Golkippesch vun Zypern ewech am Gol vun der Lokalekipp gelant. De wonnerschéinen 1:0 fir d'FLF-Dammen an déi éischt Féierung an engem Match zanter dem 1:0 géint Israel am Abrëll.

Den 2:0 duerch d'Joana Lourenço sollt dono net laang op sech waarde loossen. Nëmme 6 Minutten drop konnt sech d'Lëtzebuerger Nummer 7 fir ee gudde Match belounen a mat engem flotte Säitfallzéier ee weidere Gol fir d'FLF-Damme markéieren. Bis d'Paus ass et beim 2:0 bliwwen.

No der Paus war et op en Neits d'Charlotte Schmit, déi et aus der zweeter Rei probéiert huet. Dës Kéier an der 57. Minutt awer mat manner Erfolleg.

An der Schlussphas vum Match sollt et awer nach eng Kéier batter gi fir d'Lëtzebuergerinnen. An der 88. Minutt konnt Zypern duerch d'Krystyna Freda op 1:2 verkierzen. Dat sollt awer net de leschte Gol vum Match bleiwen, well och den 2:2 konnten d'Spillerinne vun Zypern nach noleeën. An der 90. Minutt goufen d'FLF-Dammen op en Neits iwwerrascht a sou war et um Enn d'Anna Matsoukari, déi de Schlusspunkt vum Match setze konnt.

Iwwer de ganze Match gekuckt, war et um Enn fir Zypern e gléckleche Remis. Déi nächst Chance, fir et an der Defense besser ze maachen a bis déi lescht Sekonn konzentréiert ze bleiwen, gëtt et schonn e Méindeg. Um 10 Auer spillt een e weidere Frëndschaftslännermatch géint Zypern. Och déi Partie kënnt Dir op RTL.lu an RTL Play live kucken.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab