Abréch, Blanchiment an Déifställ an Altersheemer: Tréierer Police liwwert zwou Persounen u Lëtzebuerg aus

D'Tréierer Police mellt d'Ausliwwerung vun enger 24 Joer aler Rumänin an engem 26 Joer alen Algerier un hir Lëtzebuerger Kolleegen.

D'Rumänin soll Member vun enger Band sinn a kritt a méi Fäll Déifstall a Blanchiment an Altersheemer zu Lëtzebuerg reprochéiert. Dem Algerier ginn Abréch an Déifställ vu Géigestänn mat groussem Wäert an 10 Fäll reprochéiert.

Béid ware per europäeschem Mandat d'arrêt gesicht ginn a goufen der Lëtzebuerger Police en Donneschdeg zu Bëllegerbréck bei Laser iwwerginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab