Bauchspeicheldrüsekriibs: Neit Medikament mécht Hoffnung, huet awer Limitten

Rasonque gouf rezent vun der EU an enger acceleréierter Prozedur zougelooss. Et soll d'Iwwerliewensdauer vun de Patiente verduebelen.

Neit Medikament géint Pancreaskriibs mécht Hoffnung, huet awer Limitten

Rasonque gouf rezent vun der EU an enger acceleréierter Prozedur zougelooss. Et soll d'Iwwerliewensdauer vun de Patiente verduebelen.

Och zu Lëtzebuerg huelen d'Fäll vu Bauchspeicheldrüsekriibs zou. Bei 80 Prozent vun de Patiente fält d'Krankheet réischt an engem avancéierte Stadion op, wou een net méi operéiere kann. Just 5 Prozent vun dëse Betraffene liewen nach 5 Joer méi spéit.

Kee Wonner, datt d'Publikatioun vun der Rasonque-Etüd virum Summer fir eng Sensatioun gesuergt huet. D'Verdueblung vun der duerchschnëttlecher Iwwerliewensdauer gëtt Betraffenen Hoffnung. Zur Wourecht gehéiert awer och, datt dës Moyenne vu 6,7 Méint duerch Rasonque op 13,2 Méint geklommen ass. D'Iwwerliewensdauer bleift deemno kuerz, mee ëmmerhin. Wat och erkläert, firwat d’USA am September an d’EU de 16. November d’Therapie an enger acceleréierter Prozedur zougelooss hunn. 

“Et verlängert Liewen, awer et heelt dee Kriibs net”

Dorop wëll d'Onkologin Dr. Carole Bauer kloer hiweisen. Et géif sech och just ëm eng duerchschnëttlech Iwwerliewensdauer handelen. Bei verschiddene Patiente kéint et manner, bei anere méi laang sinn. Ausserdeem wär et och esou, datt fir d'Etüd just Patienten zougelooss géifen, déi awer nach an engem zimmlech guddem Allgemengzoustand wieren. “Si huele keng Leit, déi vill ze vill krank sinn an déi keng Pëlle méi kënnen huelen. Do sinn d'Leit och ganz vill selektionéiert.”

An hiren Aen ass Rasonque awer ee Gamechanger. Well et déi éischt spezifesch Therapie fir dës Kriibszort ass. A well et Piste gëtt, fir nei Traitementer ze entwéckelen. Am Géigesaz zur Chemotherapie viséiert d'Medikament mam Wierkstoff Daraxonrasib net all d'Zellen, mee geziilt just déi sougenannt “RAS”-Proteinnen, déi bewierken, datt den Tumeur wiisst.

D'Onkologin Dr Carole Bauer schafft mat Patienten, déi Pancreas-Kriibs hunn.

Just fir bestëmmt Patienten

Rasonque ass de Moment just zougelooss fir Patienten, déi eng bestëmmt Zort Bauchspäicheldrüsekriibs hunn. De sougenannte pankreateschen Adenokarzinom. Dëse mécht awer eng 90 Prozent vun de Fäll aus. Eng aner Konditioun ass, datt de Kriibs scho gestreet huet, datt also Metastasen am Kierper sinn. Ausserdeem muss de Patient och schonn eng klassesch Chemotherapie kritt hunn.

Nieft enger verlängerter Liewensdauer soll Rasonque manner schwéier Niewewierkunge verursaache wéi eng klassesch Chemotherapie. Et géife méi Effekter op d'Haut, awer och digestiv Problemer an Duerchfall kéinte virkommen, erkläert d'Dr. Bauer. An der Etüd hätten awer net vill Leit wéinst den Niewewierkunge mam Traitement opgehalen. Ee weidere Virdeel ass, datt et Pëlle sinn an d'Leit net an d'Spidol komme mussen, fir Baxteren ze kréien. “Mee et mussen awer och Leit sinn, déi nach kënne Pëlle schlécken an déi sech dann och net iwwerginn", gëtt d'Onkologin ze bedenken.

Rasonque ass nach net zu Lëtzebuerg disponibel

Déi grouss Mediatiséierung an de leschte Méint huet fir Opmierksamkeet gesuergt. D'Nofro bei der Dokter Bauer war deementspriechend grouss. “D’Patienten hunn natierlech eng immens Hoffnung a wëllen dat alleguer kréien. Dat ass schrecklech fir eis! Well mir hunn och d'Impressioun, mir géife versoen a mir wären net gutt. Well mir hunn et net, da kënne mer et och net ginn.”

Wuel gouf Rasonque Mëtt November fir d'EU zougelooss. De Moment ass d'Medikament bei eis am Land, wéi an deene meeschten aneren, nach net disponibel. Nächste Mount wäert et déi national “Autorisation de Mise sur le Marché" kréien, schreift de Gesondheetsministère op RTL-Nofro. “Duerno muss den Hiersteller beim Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet eng "Demande de Fixation de prix" areechen. Parallel dozou muss bei der CNS och eng Demande agereecht ginn, fir dass d'Medikament op d'"Liste positive" kënnt, esou dass d'Medikament vun der CNS rembourséiert ka ginn. Dës Demandë leien am Moment nach net vir, dofir ass zu dësem Zäitpunkt nach ze fréi fir kënnen ze soen, wéini d'Medikament zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn.“

Bis d'Medikament offiziell zu Lëtzebuerg disponibel ass, besteet awer d'Méiglechkeet, eng individuell Demande fir e Patient anzereechen, preziséiert de Ministère. Éischt Demanden op deem Wee wären och schonn accordéiert ginn. Och d'Dokter Bauer huet d'Medikament scho fir verschidde vun hire Patienten ugefrot. "Fir verschidde Patiente kann een et acceleréiert froe mat enger Autorisatioun, déi speziell ass um Ministère. Mä dat geet awer net fir all Patienten.“

Drëtt heefegst Doudesursaach bei Kriibspatienten

Bauchspeicheldrüsekriibs ass zu Lëtzebuerg déi drëtt heefegst Doudesursaach bei Kriibs-Patienten. 2024 sinn 51 Männer a 46 Fraen dru gestuerwen. Pestiziden a Pollutioun stinn am Verdacht, Pankreaskriibs ze begënschtegen, nieft bekannte Kriibserreeger wéi Tubak, Alkohol, Iwwergewiicht an eng schlecht Alimentatioun. Virun allem eeler Leit si betraff.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab