Vill Aarbecht fir d'Post wéinst Black Friday: Iwwer 300.000 Liwwerungen dës an nächst Woch erwaart
Dës Woch wier schonn déi zweetstäerkst Woch vum Joer, ma fir déi nächst Woch rechent d'Post mat engem neie Rekord. Dat seet den David Badois am …
Mam Black Friday an dem Chrëschtdagsgeschäft klëmmt d'Zuel u Päck, déi d'Post verdeele muss. Dat sot och de Vincent Marotta vun der Post am RTL-Interview. Den Onlinehandel géif weider wuessen, well ëmmer méi Leit hir Kaddoen an aner Akeef um Internet maachen.
Bis de 24. Dezember rechent d'Post dowéinst mat engem besonnesch héije Volume u Colisen. D'Päck ginn iwwer déi verschidde PackUp-Statiounen, der Post oder de verschidde Liwwerdéngschter verdeelt. De 24. Dezember wäert de leschten intensiven Dag ginn, well vill Leit hir Kaddoen nach pünktlech fir de 25. Dezember wëllen doheem hunn, esou de Vincent Marotta.
Dësen Artikel gëtt am Laf vum Dag nach ergänzt an den Owend ass am Journal vun der Tëlee e längere Reportage.
Liest zum Thema "Black Friday" och dësen Artikel:
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗