Best Event Awards: Trounwiessel op der Shortlist fir beschte "Public Institution Event"
Zu Lëtzebuerg war den Trounwiessel definitiv den Event vum Joer 2025. Elo kann dëse souguer international geéiert ginn.
Best Event AwardsTrounwiessel an dräi Kategorien nominéiert
Zu Lëtzebuerg war den Trounwiessel definitiv den Event vum Joer 2025. Elo kann dëse souguer international geéiert ginn.
Verëffentlecht: 27.11.26 09:19, Update: 27.11.26 10:15
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Am Kader vum "Bea World Festival" ginn e Freideg den Owend zu Venedeg d'Awards fir déi beschten Events vum Joer verdeelt.
Nominéiert ass och e Lëtzebuerger Event - den Trounwiessel. Organiséiert gouf dee jo vum Atelier a Showtime Entertainment Services.
An dräi Kategorien ass den Trounwiessel nominéiert: "State Event", "Specific Use of Public Space" a "Cultural event".
En Donneschdeg haten all d'Nominéiert sechs Minutten Zäit, hire Projet ze presentéieren. E Freideg den Owend ass dann e Gala Dinner mat der Präisiwwerreechung.
Den Detail zu den Nominatiounen an dem "Bea World Festival" fannt Dir hei.

D'Ekipp vum "den Atelier" en Donneschdeg zu Venedeg bei de Best Event Awards. Den Atelier

Den Atelier


The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗