Polizisten a Supporter blesséiert: Ausschreidunge bei Europa-League-Partien zu Marseille a Batumi

Um Bord vun den zwou Europa-League-Partien tëscht Olympique Marseille géint Levski Sofia a Besiktas Istanbul géint Hapoel Be'er Scheva koum et z…

Marseille: Fënnef Levski-Sofia-Supporter am Spidol

No schwéiere Krawaller virun der Partie tëscht Olympique Marseille a Levski Sofia hu fënnef blesséiert Supporter vun de Visiteure missen an d'Spidol bruecht ginn. Der Police no goufe sechs weiderer nach am Spidol behandelt. Festname gouf et dogéint awer keng. De franséische President Emmanuel Macron huet "mat gréisstméiglecher Schäerft Gewaltdote géint bulgaresch Fans" verurteelt. Hien hat um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel mat senger bulgarescher Amtskolleegin iwwert den Incident geschwat an hir verséchert, datt "dës Doten net ongestrooft bleiwe wäerten".

Honnerte Marseille-Supporter hate virum Ufank vum Match de Visiteursblock gestiermt. E massiven Dispositif vu Sécherheetsleit hat d'Situatioun temporär berouegt, mee wärend der Halbzeit waren d'Ausenanersetzungen nees opgeflaamt.

Marseille-Supporter hate virum Match de Block vun de bulgaresche Fans gestiermt.

Besiktas-Supporter liwwere sech Ausenanersetzunge mat georgescher Police - Generalkonsulat ageschalt

D'Partie tëschent Besiktas a Be'er Scheva hat schonn am Virfeld fir Diskussioune gesuergt. De Match hätt ursprénglech sollen zu Istanbul gespillt ginn, ma gouf wéinst Sécherheetsbedenken op Batumi a Georgien verluecht. Wéinst Zesummestéiss tëscht de Supporter vu Besiktas an der georgescher Police hat d'Begéinung um Terrain temporär missen ofgebrach ginn.

Scho virum Ufank vum Match koum et zu Tëschefäll: Wéi et vun tierkescher Veräinssäit heescht, hätten d'Sécherheetsleit vum Stadion de Besiktas-Supporter uganks den Accès zum Stadion refuséiert. Réischt no enger Interventioun vum Club beim UEFA-Delegéierte wieren d'Dieren zur Tribün opgemaach ginn. Dem georgeschen Inneministère no soll et schonn um Wee bei de Stadion zu gewaltsamen Ausenanersetzungen tëscht Supporter a Police komm sinn.

Wärend dem Match haten d'Besiktas-Fans en Transparent mat der Opschrëft "Opstand géint d'Occupatioun, Fräiheet fir Palästina" ausgerullt a palästinensesch Fändele geschwenkt. Wéi d'georgesch Police du versicht huet, Leit festzehuelen, koum et zu Ausenanersetzungen. D'Supporter hunn dobäi och Sëtzer an aner Géigestänn op d'Poliziste geheit. Der tierkescher Noriichtenagence DHA no gouf och Pefferspray agesat. Den Arbitter hat doropshin d'Partie ënnerbrach a béid Ekippen an d'Vestiaire geschéckt.

E Video an de soziale Reseaue weist, wéi zwee Supporter e palästinensesche Fändel ofgeholl kréien an vun de Beamte festgesat ginn. De georgeschen Inneministère weist Berichter doriwwer, datt et wéinst de Fändelen an Transparenter zu Gewalt géint d'Fans komm wier, "kategoresch" zeréck.

Dem Ministère no wiere 16 Leit festgeholl an dräi Poliziste blesséiert ginn. Vun engem Besiktas-Mataarbechter heescht et AFPm géigeniwwer, fënnef tierkesch Supporter géingen am Spidol behandelt ginn.

Den tierkesche Futtballverband huet d'Virgoe vun der georgescher Police als "inakzeptal" verurteelt. De Veräin huet annoncéiert, et hätt ee wéinst dem "onverhältnesméissegen Asaz vu Gewalt" den tierkesche Generalkonsulat zu Batumi an d'UEFA ageschalt. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet dem Veräinspresident Serdal Adali iwwer Telefon verséchert, d'Lag genee ze suivéieren.

De Match hat Besiktas mat 2:1 gewonnen.

Liest dozou och hei:

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab