1. Fräien Training live dëse Freideg ëm 14:25 Auer op RTL ZWEE an um RTL Play: Formel 1: Grousse Präis vum Katar

Déi zweetleschte Course vun der Saison. Sportlech sinn déi grouss Decisioune scho gefall, mä de Sträit bei Ferrari an d'Gestëppels tëschent Vers…

D'Formel 1 hält un den zwou leschte Coursse vun der Saison – am Qatar an zu Abu Dhabi – fest, trotz de geopoliteschen Onrouen an der Regioun. D'Piloten an hir Ekippe probéieren, sech dovunner net oflenken ze loossen a sech op hire Sport ze konzentréieren. Zu Lusail waarden e puer speziell Erausfuerderungen. An de ville séiere Kéiere ginn d'Pneuen extrem gefuerdert, an och nuets falen d'Temperaturen net ënnert 20 Grad. Sportlech sinn déi meescht wichteg Decisioune scho gefall. Gutt, dass Ferrari an den Duo Verstappen a Russell fir knuspreg Geschichten hannert de Kulisse suergen.

Suivéiert de FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY. 

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 27. November 2026: 14h25 – 15h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Freideg, 27. November 2026:  17h55 – 19h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 28. November 2026: 15h25 – 16h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 28. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 18h55
Start vun der Qualifikatioun: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 29. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 16h30
Depart vun der Course: 17h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 19h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab