Gewalt am Stot: "Ech hu gemengt, ech géif stierwen"
Am Kader vun der Orange Week dréit sech dës Woch villes ëm Gewalt géint Fraen a Meedercher. Zwou Fraen, déi Gewalt am Stot erlieft hunn, hunn ei…
Zanter 2008 gëtt et d'Initaitiv vun de Vereenten Natiounen, fir en Zeeche géint Gewalt géint Fraen a Meedercher ze setzen. D'"Studio 2-"Emissioun vun dëser Woch steet dann och ganz am Zeeche vun der Orange Week. An deem Kader hunn zwou betraffe Fraen, déi Gewalt am Stot erlieft hunn, bei eis temoignéiert. Mir hunn hiren Numm an hir Stëmme verännert.
D'Cristina war 33 Joer mat hirem Mann zesummen, 16 dovunner ware si bestuet. Fir si war hien dee Mann, dee si ëmmer gesicht hat. Am Cap Vert hu si sech kennegeléiert, a sinn op Lëtzebuerg komm. Séier hätten allerdéngs de psycheschen Drock an och d'Jalousien zougeholl: Ma besonnesch den Drock an och d'Gewalt vis-à-vis vum eelste Fils hätten d'Situatioun doheem ëmmer méi onerdréiglech gemaach. Dëst Joer hätt si endlech de Courage gehat, sech scheeden ze loossen. Elo ass si mat engem vun hiren dräi Kanner am Fraenhaus: Do fillt si sech gutt opgehuewen. Si seet, et wier déi schwéierst, awer och déi bescht Decisioun vun hirem Liewe gewiescht. Mat hirem Temoignage wëll d'Cristina anere Frae Mutt maachen.
Cristina erzielt vun hirem Wee, aus enger gewaltäteger Relatioun eraus
33 Joer war si mat hirem Mann zesummen, séier hätten de psycheschen Drock an d'Jalousien zougeholl. 2026 hat si endlech de Courage, sech scheeden ze loossen.
Och dem Lydia hire Mann huet no enger Zäit am Stot ugefaangen, ëmmer méi jalous a schlussendlech och aggressiv ze ginn. Wéi hire Mann si um Hals gepaakt huet, hat si decidéiert, déi éischte Kéier eng Plainte ze maachen. Ma well si no enger Entrevue mam Office Social Angscht hätt, hir Kanner ze verléieren, huet hire Mann si manipuléiert kritt, fir d'Plainte zréckzezéien. Duerch eng Covid-Erkrankung, an där si zwou Woche vun hirem Mann getrennt war, huet si um Enn de Mutt fonnt, fir sech ze trennen. Alles an allem huet d'Lydia dräi Plaintë gemaach, déi all ouni Suite bliwwe sinn. Bis haut huet hiren Ex-Mann keng juristesch Konsequenze kritt.
D'Lydia huet sech vun hirem gewaltätege Mann getrennt
No enger Zäit hat hire Mann ugefaangen, ëmmer méi jalous an och aggressiv ze ginn. Si erzielt, wéi si de Mutt fonnt huet, sech vun him ze trennen.
Dem Cristina an dem Lydia war et alle béid wichteg ze ënnersträichen, datt ee sech net fir Gewalt am Stot sollt schummen: Hinnen hätt et gehollef, iwwer hir Situatioun ze schwätzen. Mat hiren Temoignagë wëlle si de Concernéierte Courage maachen, fir sech aus dëse schwierege Situatiounen ze léisen, och wann et ee wäite Wee ass.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗