Prozess géint Raver vun Hengescht: Parquet freet pro Kapp bis 1.750 Euro Amende a wëll Party-Material halen

Am Prozess wéinst der illegaler Rave-Party bei Hengescht am Juli d’lescht Joer huet de Parquet säi Requisitoire gemaach. Dobäi ass ee Punkt, dee…

Nämlech, datt de Parquet d'Confiscatioun vun allem saiséierte Material gefrot huet. Also hir Camionnetten an Autoen, Lautsprecher, Mëschpulter, Verstäerker, hir Stroumagregater, Bünenelementer, eng Vinyl-Placke-Sammlung vun 100 Disken an esou weider... 70 Europalette voll.

Dat well se mat deem Material géint d'Naturschutzgesetz verstouss hunn. Also domat an d'Zone verte eragefuer sinn, et do ofgestallt an dra campéiert hunn. Respektiv, et benotzt hunn, fir d'Musek ze maachen an domat d'Déieren am Natura2000-Gebitt gestéiert hunn. "D'Confiscatioun ass obligatoresch", esou de Vertrieder vum Parquet. Si géif warscheinlech mol dozou féieren, datt et am europäesche Raver-Milieu déi nächst Zäit e wéineg méi roueg bleift. Dem Vertrieder vum Parquet no gehéieren déi Beschëllegt zu enger grousser europäescher Zeen, déi a méi Länner illegal Partien organiséiert huet. E puer vun hinne ware mat engem ganze Camion Material iwwer 700 Kilometer vun Dresden bis op Hengescht gefuer. Eng Rëtsch vun hinnen hu Virstrofen oder e Casier an änlechen Affären an anere Länner.

Doriwwer eraus freet de Parquet Strofe wéinst de Verstéiss géint d'Gemengereglement vu Clierf, wat de Kaméidi ugeet. Wéinst Bruits ou Tapages nocturnes, well se onerlaabt op dem Bauer Simon senger Weed waren, déi se futti gemaach hunn, an um Wee dohin duerch de Sens interdit gefuer sinn.

Jee nodeems, ob si mat engem eege Gefier ënnerwee waren oder matgefuer sinn, riskéieren si tëscht 1250 an 1750 Euro Amende op de Kapp. De Vertrieder vum Parquet sot, e géif fir alleguer d'Beschëllegt déi selwecht Strof froen, opgrond vun der Gravitéit vun de Faiten. Datt déi gefrote Strofen net méi héich sinn, läit dodrun, datt d'Chambre du Conseil an de Parquet, wéi ee vu senge Vertrieder sot, schonn immens fei waren an Delikter géint d'Naturschutzgesetz dekriminaliséiert, also erofgestuuft, hunn. Soss, huet hien erkläert, wiere bis zu dräi Joer Prisong an Amenden vu bis zu 700.000 Euro méiglech gewiescht.

“Eng Affär mat 63 Beschëllegten ass net alldeeglech fir d'Lëtzebuerger Justiz”, sou ee Vertrieder vum Parquet. Do ass een och rosen driwwer, wéi aggressiv d'Raver mat deenen éischte Policepatrulle waren, déi Samschdes mëttes wollte Kontakt mat de Responsabelen ophuelen an déi vun hinnen agekreest a beleidegt goufen. E puer vun de Beschëllegt sollen dem Parquet no e Crowdfunding organiséiert hunn, fir d'Affekotenkäschten ze decken. An engem Video wier do ze gesinn, wéi e Schwäin an enger Policeuniform iwwerrannt gëtt an ee sech op de Lëtzebuerger Fändel erbrécht. Och dat ass net nom Goût vum Ministère public.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab