A1: Chantier um Echangeur Sennengerbierg, Autobunn a béid Richtungen zou
Vun e Freideg den Owend um 20 Auer bis e Méindeg den Owend um 5 ass d'Autobunn op der Héicht vum Echangeur Sennengerbierg gespaart.
Am Kader vum Reamenagement vum Echangeur Sennengerbierg ass d'Autobunn den nächste Weekend op dëser Plaz gespaart. D'Deviatioune lafen a béide Fäll iwwer d'Of- an Opfaarten. A Richtung Tréier muss e kuerzen Ëmwee bis un de Rondpoint um Findel beim Luxairport aplangen, fir dann nees zeréck op d'Autobunn ze fueren.
D'Schreiwes vu Ponts et Chaussées
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗