De 27. an 30. November: FLF-Damme wëlle béid Frëndschaftsmatcher géint Zypern gewannen
Zypern ass e Géigner op änlechem Niveau wéi d'Ekippen, déi d'nächst Joer an der Nations League C op d'FLF-Damme waarden, an et erhofft ee sech, rëm méi mam Ball kënnen ze spillen, wéi dat nach am Oktober de Fall war.
No zwee komplizéierten Testmatcher am Oktober géint Montenegro a Malta wëllen d'FLF-Dammen elo een anert Gesiicht weisen. 0:4 hat een de leschte Match zu Rëmeleng géint Montenegro verluer a virun allem d'Spill mam Ball soll elo verbessert ginn. Dat hat jo nach géint Malta am Match virdrun däitlech besser ausgesinn.
Daniel Zirbes - Dammen-Nationaltrainer: "Et wäerten zwee Matcher op Aenhéicht sinn. Mir erwaarden eis vun de Partien, datt mir zweemol a Ballbesëtz-Phasen ee méi kloert Spill un den Dag leeën, wéi dat nach géint Montenegro de Fall war. Mir hoffen, datt mir dann och e bëssen un de Match géint Malta kënnen uknäppen, wat d'Spill mam Ball ubelaangt."
Och d'lescht Joer haten d'Rout Léiwinne scho géint Zypern getest. Deemools war et an zwee Matcher fir eng 3:0-Victoire duergaangen. Deen anere Match hat ee mat 2:3 verluer. Dës Kéier ass awer d'Zil, béid Matcher ze gewannen.
Daniel Zirbes - Dammen-Nationaltrainer: "Dat ass natierlech elo schonn ee Joer hier an d'Ekippe sinn däitlech anescht zesummegestallt. Trotzdeem kuckt ee sech dat dann awer nach eng Kéier un. Mir haten deemools ee Match gewonnen an ee verluer, mee mir fueren dës Kéier schonn dohinner, fir déi zwee Matcher ze gewannen. Dat muss och eisen Usproch sinn."
Och d'Nations League C hat ee bei der Auswiel vum Géigner Zypern am Kapp. Do geet et elo d'nächst Joer géint Bosnien, Estland a San Marino. Einfach war et awer net, fir dës Kéier ee passende Géigner fir d'Preparatioun ze fannen.
Daniel Zirbes - Dammen-Nationaltrainer: "Mir mussen natierlech soen, datt dës Period mat de WM-Playoffs, déi gespillt ginn, net esou einfach ass. Et waren net vill Ekippen disponibel, fir ee Frëndschaftsmatch ze spillen. Mir hunn awer trotzdeem probéiert, ee Géigner ze fannen, deen op eisem Niveau ass a bei eise Kontext vun der Liga C passt. Do si mir natierlech mega frou, datt mir zwee gutt Matcher op Zypern wäerten hunn."
Net mat dobäi ass opgrond vu muskuläre Problemer d'Champions-League-Debütantin Emma Goetz. Een Interview mat der Nationalspillerin fannt dir e Sonndeg op RTL.lu.
RTL-Interview mam Charlotte Schmit
D'Nationalspillerin schwätzt iwwer d'Matcher géint Zypern, hieren nächste Schratt a Portugal an d'Zukunft.
Op RTL.lu kënnt dir e Freideg de Moien och den éischte Match vun den FLF-Damme géint Zypern am Livestream kucken. Ugepaff gëtt deen um 10 Auer Moies eiser Zäit.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗