Expogast 2026 : D'Crème de la Crème vun der internationaler Gastronomie koum an der Luxexpo zesummen
Iwwer fënnef Deeg koumen an der Stad Käch a Foodies aus der ganzer Welt beieneen. Natierlech goufen et hei och Kompetitiounen.
Verëffentlecht: 26.11.26 19:16
Culinary World Cup op der Expogast (26.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Iwwer fënnef Deeg koumen an der Stad Käch a Foodies aus der ganzer Welt beieneen. Natierlech goufen et hei och Kompetitiounen.
Iwwer 35.000 Visiteuren, 200 Stänn an 2.500 Leit, déi un de Kompetitiounen deelgeholl hunn - dat ass de Bilan vun der Expogast 2026, déi e Mëttwoch an der Luxexpo no fënnef Deeg op een Enn gaangen ass. An der Ofschlosszeremonie goufen d'Gewënner vum RAK Porcelain Culinary World Cup an de jeeweilege Kategorie geéiert. Och Lëtzebuerg war op der Träppche vertrueden. An der Kategorie Food-Truck & Street-Food koum Ampoet.lu - d'Amicale vun de Pompjeeën Ettelbréck - op déi zweet Plaz. Am Länner-Ranking haten allerdéngs anerer d'Nues vir: Schweden koum op déi éischt Plaz, Norwegen op déi zweet a Singapur op déi drëtt Plaz.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗