EU-Spezialsommet zu Bréissel: Sträit ëm Honnerte Milliarden
EU-Spezialsommet zu Bréissel: Sträit ëm Honnerte Milliarden
Wéi vill Suen soll d‘Europäesch Unioun vun 2028 bis 2034 kënnen ausginn? A virun allem: wat soll mat deene Milliarden gemaach ginn?
Mat deene Froe beschäftege sech op en neits d‘EU-Staats- a Regierungscheffen aktuell zu Bréissel. Si musse sech tommelen, well bis d‘Enn vum Joer soll de pluriannuelle Budget stoen.
Et geet keen dovun aus, dass dat hei séier iwwer d‘Bün geet. Dat hei ass en extra Rendez-Vous, e Spezialsommet, fir e Stéck weiderzekommen a fir bis d‘Enn vun dësem Joer e pluriannuelle Budget prett ze hunn, mat deem déi 27 averstane sinn.
De Conseilspresident Antonio Costa hat virun dësem Spezialsommet eng eege Propositioun fir e Budget gemaach, fir de Wee fir e Kompromëss ze preparéieren.
Et ass e bëssen de Versuch vun der Quadratur vum Krees: genuch investéieren, fir déi Länner positiv ze stëmmen, déi vill méi Sue fir d‘EU verlaangen.
Deene Länner, deenen déi éischt Entwërf vum Budget vill ze héich waren, kënnt e mat Kierzungen entgéint. De Rotspresident soll den EU-Budget ëm 200 Milliarden Euro gekierzt hunn. Bleiwen nach eppes méi ewéi 1,7 Billiounen Euro, also 1.700 Milliarden, déi mussen duergoen, fir all déi Depensen ze decken, déi eng EU maache muss.
"Mir mussen eis Baueren ënnerstëtzen, an och de Regiounen ënnert d‘Äerm gräifen. Mir musse méi a Sécherheet investéieren. Mir musse Kompetitivitéit boosten an iwwerhaapt den Erwaardunge vun de Bierger gerecht ginn," resuméiert den EU-Rotspresident Antonio Costa.
A gläichzäiteg däerfen de Memberlänner hir Contributiounen net iwwerméisseg an d'Luucht goen. Den Antonio Costa huet sech druginn. Fir näischt? Well den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ass net zefridden:
"Dës Versioun ass keng Basis fir en Ofschloss. Nach ëmmer ass de Volume ze héich. Dat muss alles vun de Memberstaate jo och bezuelt kënne ginn. Europa brauch stabil Finanzen. D‘EU wäert och keng nei Scholde maachen dierfen. Et ginn och Aufgaben, déi zouverlässeg mussen erfëllt ginn. Déi musse Prioritéite sinn."
Fir de Friedrich Merz sinn dat d‘Zukunftsaufgaben: Defense, awer och Fuerschung, Innovatioun, Kompetitivitéit. Also dass Europa wirtschaftlech net weider d‘Schlappe verléiert. Eppes wat och dem Lëtzebuerger Premier um Häerz läit. Ma grad do hat de Rotspresident de roude Bic ugesat.
"Ech fannen, dass dat wat elo um Dësch läit, e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Mir hunn Zukunftspolitiken an déi traditionell. Fir Lëtzebuerg geet dee ganze Volume, deen een awer am Detail nach muss diskutéieren, an déi richteg Richtung", esou de Lëtzebuerger Premier.
Keng nei Steieren
Hien nennt awer Problemer bei de geplangte Recettë vun der EU. En Deel vun den Tubaks-Akzise soll jo op Bréissel fléissen. Iwwerproportional vill vum Grand-Duché, esou d‘Kritik. Et fillt ee sech souzesoen an de Fëmm-Eck gedréckt, erkläert de Luc Frieden:
"Ech begréissen, dass de President Costa net méi festgehalen huet, dass 2028 Lëtzebuerg vu senger Tubakssteier esou e groussen Deel ofgi muss. Hie versicht dat also elo iwwer eng länger Zäit vun aacht Joer ze zéien, also vun 2028 un. Dat ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. Mee do muss nach vill driwwer geschwat ginn."
An eng nei Digitalsteier, déi den Ëmsaz vu groussen Tech-Firme viséiert, gesäit de Lëtzebuerger besonnesch kritesch. Well hie generell géint nei Steieren ass.
Ma besonnesch well net kloer wär, ob Europa seng eegen Innovatiounsuspréch domat net futti mécht.
Et brauch en Accord zu 27
Et mécht et net méi einfach: All Land verdeedegt hei och seng eegen Interessen.
Fir iergendwéi op e gemeinsamen Nenner ze kommen, huet de Rotspresident Costa och méi kleng Diskussiounsgruppen organiséiert, fir dass d'Leadere sech mol géigesäiteg richteg nolauschteren.
Problematesch kéint awer virun allem ginn, dass e puer Länner ronderëm d'Slowakei sech wëlle queesch stellen, wann d‘Hëllefe fir d‘Ukrain an den EU-Budget ageschriwwe ginn.
Ma fir Däitschland an och Lëtzebuerg ass awer zum Beispill kloer, dass all Memberland, dat vum gemeinsame Budget profitéiert, och muss d‘Ukrain ënnerstëtzen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗