Och Lëtzebuerger betraff: Traditionell Thanksgiving-Parad zu New York wéinst dem Wieder verréckelt

Fir déi éischte Kéier an hirer 100 Joer aler Geschicht gouf déi traditionell Macy’s Thanksgiving-Parad zu New York verréckelt. Wéinst engem staarken Onwieder soll se elo e Samschdeg amplaz en Donneschdeg stattfannen.

Staarke Reen a Wand suergen un der US-Ostküst fir massiv Problemer, an dat matten an enger vun de reesintensivste Periode vum Joer. A verschiddenen US-Bundesstaaten sinn iwwer 400.000 Mënschen ouni Stroum. Dausende Flich hu Verspéidung, Honnerte goufen annuléiert.

Fir de Snoopy geet et eréischt e Samschdeg an d'Luucht. Déi scho opgeblase Ballone goufen nees eidel gemaach a sollen e Freideg nach eng Kéier opgeblosen ginn.

Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet viru Wandvitesse vu bis zu 65 Kilometer an der Stonn gewarnt. Beem an Äscht kéinten ëmfalen a Stroumleitunge beschiedegt ginn. Am Nopeschstaat New Jersey huet d'Gouverneurin Mikie Sherrill den Noutstand ausgeruff. Hei gëtt och virun Iwwerschwemmungen an de Küsteregioune gewarnt.

Den Organisateuren no hätt d'Sécherheet vun de Participanten an de Spectateuren absolutt Prioritéit. Wärend dem Zweete Weltkrich war d'Parad dräi Joer hannerteneen ausgefall, verréckelt gouf se bis ewell awer nach ni.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab