Fête des Vins & Crémant: D'Privatwënzer plënneren op de Glacis

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

No der Expogast um Kierchbierg hunn d'Lëtzebuerger Privatwënzer d'Kuliss gewiesselt. Vun der Tramstatioun Luxexpo aus, goung et mam Tram a Richtung Glacis, wou dëse Weekend déi 21. Editioun vun der "Fête des Vins & Crémant" organiséiert gëtt.

Wärend op der Expogast 36 Wënzer um gemeinsame Stand vertruede waren, presentéieren um Glacis 39 Wënzer hir Wäiner a Cremanten.

Nieft de klassesche Lëtzebuerger Wäinzorte wéi Rivaner, Pinot Gris a Riesling ginn och pilzwidderstandsfäeg Riefzorten, sougenannt PiWi-Zorten, an alkoholfräi Alternative presentéiert.

D'Fête des Vins & Crémants ass vu Freideg, dem 27. November bis e Sonndeg, den 29. November, all Dag vu 15 bis 20 Auer am groussen Zelt um Glacis.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab