Referendum am Juni 2027: Bauschelt an d'Stauséigemeng wëlle fusionéieren

Eng weider Gemengefusioun annoncéiert sech am Weste vum Land. D'Gemengeréit vu Bauschelt a vun der Stauséigemeng hunn der entspriechender Absichtserklärung mat enger Majoritéit gréng Luucht ginn, wéi déi zwou Gemengen an engem Communiqué matdeelen.

Déi nei Gemeng géif ronn 4.000 Awunner zielen. Zil vun der Fusioun wier et ënner anerem, d'Gemengeservicer ze stäerken an Investitioune besser openeen ofzestëmmen.

Fir déi éischt Legislaturperiod ass e Gemengerot mat 12 Membere virgesinn, jee sechs aus deenen zwou aktuelle Gemengen. Och am Schäfferot, dee véier Membere soll zielen, wiere béid Gemenge gläich staark vertrueden. En direkte Wiessel vum Majorz- op de Proporzsystem ass net virgesinn.

De Sëtz vun der Gemengeverwaltung soll an dat neit Gemengenhaus zu Béiwen op der Sauer kommen. Den techneschen Déngscht soll um Gebitt vun der aktueller Gemeng Bauschelt ënnerbruecht ginn.

Den Inneminister Léon Gloden huet eng finanziell Ënnerstëtzung vun op d'mannst 10,5 Milliounen Euro an Aussiicht gestallt.

Den 27. Juni 2027 sinn d'Walberechtegt a béide Gemengen opgeruff, sech am Kader vun engem Referendum zum Fusiounsprojet ze äusseren.

Nëmme wann a béide Gemenge méi wéi 50 Prozent fir d'Fusioun stëmmen, gëtt de Projet duerno de Gemengeréit zur Ofstëmmung virgeluecht.

De Communiqué vu Bauschelt an der Stauséigemeng.pdf

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab