Fonds culturel national: Kulturelle Mécénat zu Lëtzebuerg soll gestäerkt a moderniséiert ginn
Den FOCUNA, deen 1982 gegrënnt gouf, kritt en neie gesetzleche Kader, deen de verännerte Besoine vum Kultursecteur Rechnung dréit. De Kulturminister Eric Thill huet bei der Presentatioun vum Gesetzprojet e Mëttwoch de Moie véier Haaptprioritéite genannt: eng moderniséiert Gouvernance, d'Aféierung vum "Mécénat de compétence", e méi breeden Zougang zu private Spenden an eng zentral Plattform fir kulturelle Mécénat.
Eng wichteg Neierung ass de "Mécénat de compétence". Entreprisen a Privatpersoune sollen de Kultursecteur an Zukunft net nëmme finanziell, mee och duerch hir Kompetenze kënnen ënnerstëtzen, zum Beispill mat juristescher, technescher oder informatescher Berodung, Kommunikatioun oder gratisen Déngschtleeschtungen.
Zousätzlech sollen nieft de staatleche Kulturinstitutiounen och aner Organisatiounen am Beräich Kultur, Konscht a Patrimoine vun de Spende profitéiere kënnen. Och eenzel Kënschtler an Träger vu Projeten ouni eege Struktur sollen iwwer eng spezifesch Agrement-Prozedur Zougang kréien. Den FOCUNA soll dobäi eng méi aktiv Roll iwwerhuelen an als Vermëttler tëscht dem Kultursecteur, Entreprisen a private Mecènen optrieden.
Méi wéi 2.000 Spenden d'Joer
De President vum FOCUNA Jo Kox huet och déi aktuell Aktivitéite vum Fonds presentéiert. Mëttlerweil huet de FOCUNA en Ëmsaz vu méi wéi enger Millioun Euro a beschäftegt an tëscht 2,5 Vollzäitposten, géintiwwer engem eenzege Posten am Joer 2024.
Bis elo goufen 187 Agrementen u kulturell Associatiounen a Kënschtler verginn. Am Duerchschnëtt ginn all Joer ronn 2.000 Spenden iwwer de FOCUNA ofgewéckelt. De Fonds huet sech an de leschte Joren och bei Crowdfunding-Aktiounen engagéiert, ënner anerem fir d'Restauratioun vun der Lëtzebuerger Bibel an dem Büro vum Batty Weber.
De Kulturminister Eric Thill huet ënnerstrach, datt de private Mécenat déi ëffentlech Kulturfinanzéierung net ersetze soll, mee eng zousätzlech Finanzéierungsméiglechkeet duerstellt. Mat der Reform soll de FOCUNA sech vun engem Organ, dat haaptsächlech Spenden entgéinthëlt a verdeelt, zu engem aktiven Acteur entwéckelen, deen nei Partnerschaften initiéiert an de kulturelle Mécenat zu Lëtzebuerg nohalteg stäerkt.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗