Cour d'appel zu Paräis: Gérard Depardieu soll wéinst Viol viru Geriicht

De Gérard Depardieu wäert sech wéinst Viol viru Geriicht musse veräntweren.

De Gérard Depardieu soll sech eng éischte Kéier wéinst Vergewaltegung viru Geriicht veräntweren. Eng Cour d'appel zu Paräis huet en Donneschdeg am Fall vun der Actrice Charlotte Arnould e Strofprozess wéinst Viol ordonéiert. D'Arnould gehäit dem franséischen Acteur vir, si 2018 a senger Paräisser Villa bannent manner wéi enger Woch zweemol vergewaltegt ze hunn, wéi si 22 Joer al a magersüchteg war.

D'Riichter hätte beschloss, den Depardieu wéinst sexueller Aggressioun a Viol um éischte vun de genannten Deeg viru Geriicht ze stellen, sou d'Noriichtenagence AFP, déi sech op Informatiounen aus Justizkreesser berifft. D'Affär zum zweete Reproche ass zougemaach ginn.

Affekote mat ënnerschiddlechen Usiichten

D'Affekotin vun der Actrice rechent mat engem "historesche" Prozess. Hir Mandantin wier eng "Pionéierin", well si déi éischt wier, déi den Depardieu bei den Autoritéite gemellt huet. Deem säin Affekot huet mat Bléck op deen Deel vun de Reprochen, deen agestallt gouf, vun enger "Etappevictoire" geschwat. Um zweeten Deel vun hirem juristesche Wee wéilte si elo dem Depardieu seng Onschold beweisen. Dobäi wier e Gang virun déi iewescht Cour d'appel net ausgeschloss.

De 77 Joer alen Acteur gesäit sech enger ganzer Rei Mëssbrauchsvirwërf ausgesat. An engem oppene Bréif hat hien am Figaro d'Reprochen zréckgewisen. D'Actrice hätt fräiwëlleg mat him geschlof an hien duerno gemellt, well hien net mat hir hätt wëlle Chanson-Lidder op enger Bün ze sangen. 2025 hat de Gérard Depardieu an enger anerer Affär 18 Méint Sursis kritt wéinst sexueller Aggressioun. Zanterhier sinn zwee weider presuméiert Fäll vun Harcèlement bekannt ginn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab