Successeur vu Christine Lagarde: Spuenier Pablo Hernández de Cos soll EZB-Chef ginn

De Pablo Hernández de Cos soll Nofollger vun der Christine Lagarde ginn un der Spëtzt vun der EZB.

De Pablo Hernandez de Cos soll den neie Chef vun der Europäescher Zentralbank ginn. D'EU-Staats-a Regierungscheffe solle sech Medieberichter no en Donneschdeg um Sommet zu Bréissel dorop gëeenegt hunn.

Hien trëtt domat d'Nofolleg vun der aktueller EZB-Cheffin Christine Lagarde un, déi de 7. Februar fréizäiteg vun hirem Posten zrécktrëtt. Den Hollänner Klaas Knot war bis elo als eenzege Géigekandidat genannt ginn.

De Pablo Hernandez de Cos krut zwar méi Zoustëmmung wéi den Hollänner, mee hie muss awer nach offiziell nominéiert ginn. De Spuenier de Cos ass Chef vun der Bank for International Settlements a fréiere President vun der spuenescher Zentralbank.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab