Quanten-Technologie: "Mir wëlle weisen, wéi wichteg déi Technologië fir d'Defense sinn"

Bei der Konferenz "Quantum for Defence" sinn Entreprisen aus deem Beräich ënnert anerem mat Leit aus de Ministèren, vun der NATO an der European Space Agency zesummekomm. De Fortschrëtt, deen et an der Fuerschung scho géif, misst nämlech a konkret Outile fir d'Leit um Terrain ëmgewandelt ginn, heescht et aus dem Secteur.

Eng ganz Rei Start-ups, genee wéi Defenseministèren uechter ganz Europa schaffen dorun, Quanten-Technologië fir d'Defense ze notzen. Dës kënnen esouwuel um Terrain wärend engem arméierte Konflikt, wéi och fir kritesch Infrastruktur ze schützen, agesat ginn.

Ma d‘Resultater aus der Fuerschung fannen net ëmmer direkt de Wee an de Gebrauch um Terrain. Dat soll besser ginn, fënnt den Yves Schmit vun der Defense-Direktioun am Lëtzebuerger Ausseministère. "Europa ass extreem staark, wat d'Recherche ugeet an deem Beräich. Mir hunn och ganz vill Firmen, déi sech hei an Europa etabléiert hunn. An elo musse mer eebe kucken, fir alleguer déi Capacitéite kënnen an Operatioun ze bréngen."

Et gëtt immens vill Beräicher, an deenen dës Technologie ka genotzt ginn an eng reell Plus-value bidden. Zum Beispill kann een domat ganz genau Miessunge maachen, esou datt een och ka minimal Mouvementer registréieren. Aktuell gi scho Satellitten, notamment bei der SES, mat den néidegen Detekteren equipéiert.

Quanten-Technologie gëtt och genotzt fir Zäit méiglechst genau ze moossen. Den Harald Hauschildt vun der European Space Agency erkläert, datt den europäesche GPS-System Galileo, dës Zäitreferenzen notzt "damit wir auf der Erde genau feststellen können, wo sich jeder einzelne Benutzer gerade in seinem Auto befindet".

Quanten-Technologie kann och dobäi hëllefen, Kommunikatioun ze securiséieren. Interessant ass hei net nëmmen, datt Messagen esou verschlësselt kënne ginn, datt se aktuell net ze knacke sinn, mä virun allem gesäit een domat, ob een aneren déi Kommunikatioun matgelauschtert huet. Grad am militäresche Gebrauch oder bei kritescher Infrastruktur ass dat immens wichteg.

D'Potential vun der Quantentechnologie schéngt enorm. Op der Konferenz ass se ëmmer erëm mat kënschtlecher Intelligenz verglach ginn. Notamment, datt een den Zuch dës Kéier net esou verpassen dierf, wéi bei der KI. D'Recherche an Europa zu deem Theema wier gutt ënnerwee. Ma wéi ëmmer geet et net ouni Suen. An Europa ginn et e sëllegen ënnerschiddlech Institutiounen, déi alleguer esou Projete finanzéieren, ma genee dat kann d'Saach méi komplizéiert maachen, erkläert den Harald Hausschildt. "In den USA haben wir ja häufig Investoren, die sehr viel Geld haben, in einem Bereich und dann einfach Technologien nach vorne bringen. Und das ist in Europa deutlich schwieriger."

D'Course fir d'Entwécklung vu Solutiounen op Basis vu Quanten-Technologie ass lancéiert. Den Experten aus der Branche no, huet Europa bis elo och nach eng Chance, dobäi Virreider ze sinn.

Dëst war déi éischt Konferenz zum Theema Quanten-Technologie an der Defense. Hei waren och e sëllege Betriber aus deem Secteur vu Lëtzebuerg vertrueden.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab