Aarbechtsminister Spautz: "Nach net d'Kugel fonnt", fir d'Berechnungsmethod vum Mindestloun
Op enger Reunioun vum permanente Beschäftegungscomité en Donneschdeg de Moie ware sech Gewerkschaften a Patronat awer ewéi am Summer nach ëmmer guer net eens iwwer d'Krittären, déi fir d'Berechnung solle betruecht ginn oder net. Zur Ërennerung: d'Regierung huet sech fir 60% vum Medianakommes als Referenz entscheet, mee d'Divergenze leie bei der Method fir d'Medianakommes ze berechnen
D'Gewerkschafte fuerdere beispillsweis, datt den 13. Mount, mee och aner Supplementë mat aberechent ginn, esou ewéi dat beim traditionellen Ajustement all zwee Joer de Fall ass. D'Patronat seet Nee a berifft sech op d'Method vun Eurostat, déi an der Direktiv recommandéiert gëtt.
Responsabilitéit vun der Politik
Den Aarbechtsminister Marc Spautz sot der Press no der Reunioun, hie géing am Ufank vum Joer eng Propositioun am Regierungsrot maachen. Hie wollt sech awer net an d'Kaarte kucke loossen, ewéi seng Propos am Detail géing ausgesinn a wollt sech net op Januar oder Februar festleeën. Op d'Fro, ob hien dann awer e Mëttelwee géing sichen, huet hie geäntwert: "Ech hunn nach net d'Kugel fonnt, mee villäicht iwwert déi Deeg fannen ech do d0Solutioun fir datt jidderee sech dran erëmfënnt".
Am selwechten Otemzuch sot hien awer och, datt hie "ganz wéineg Hoffnung" hätt, datt hie kéint d'Sozialpartner beienee kréien, mee da misst "d'Politik" hir Responsabilitéit iwwerhuelen.
D'Presidentin vum OGBL Nora Back - mat där mir duerno geschwat hunn - sot, datt den Aarbechtsminister sech engagéiert hätt, bei der Berechnungsmethod weder d'Gehälter aus der Fonction Publique erauszerechnen, nach gratis oder staatlech Leeschtunge fir d'Leit anzerechnen. Déi Pisten hat de Virgänger vum Marc Spautz, de Georges Mischo an d'Ae gefaasst, fir datt de Mindestloun net ze vill misst an d'Luucht gesat.
Liewenskäschte versus Competitivitéit
De Mindestloun geet besonnesch wéinst den héije Wunnengspräisser net duer, fir iwwer d'Ronnen ze kommen, op der anerer Säit setzt eng Hausse vum Mindestloun d'Betriber ënner Drock.
D'Vertriederin vum Patronat, d'Direktesch vun der Unioun vun den Entreprisë Charlotte Junck sot, de Logement wier e Sujet, mee si huet op "d'wirtschaftlech Realitéit vun de Betriber higewisen". Si huet och op d’Hausse higewisen, déi d'Betriber schonn den 1. Januar ëmsetze mussen (de Staat iwwerhëlt knapp een Drëttel vun der Hausse vun 3,8% via Steierkredit).
D'OGBL-Presidentin Nora Back huet gekontert, datt een net kéint waarde bis déi Joerzéngt laang Logementskris geléist wier. De President vum LCGB Patrick Dury huet sengersäits op héisch Benefisser vu Betriber higewisen an e System, mat deem Lëtzebuerg "gutt gewuess" wier. Och wann elo "villäicht méi schwiereg Zäite" wieren, hätt hien d'Gefill, datt "just de Mindestlounempfänger, dat ass deen, dee keng Fuerderunge méi däerf stellen".
Keng Gewerkschaftsunioun bei Gehälteraccord beim Staat
Interessant ass, datt den OGBL am Zesummenhang mat de Verhandlungen iwwert e Gehälteraccord beim Staat eng Hausse vu 5% fuerdert mee just op den éischten 200 Indexpunkten. Op d'Fro, ob déi Fuerderung vun der Gewerkschaftsunioun gedroe gëtt, huet de Patrick Dury geäntwert, datt déi "net mat de Gewerkschaften ofgestëmmt" ass.
Den LCGB géing sech aus deene Verhandlungen eraushalen, quitt datt de Patrick Dury och sot, d'Schéier tëscht privat- an ëffentleche Secteur dierf net ze wäit ausernee goen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗