Hollywood: "Kevin - allein zu Haus" geet an eng nei Ronn

De Macaulay Culkin ka sech virstellen, nach emol d'Roll vum Kevin ze spillen.

"Home Alone" 1 an 2 hu weltwäit méi wéi 835 Milliounen Dollar agespillt. De Macaulay Culkin, deen duerch d'ikonesch Haaptroll weltberüümt ginn ass, soll elo an engem neien Deel vun der erfollegräicher Saga nach emol de Kevin spillen.

Disney wollt sech bis ewell nach net zum neie Projet äusseren. Schonn am Summer soll et zu engem Meeting tëscht Responsabelen an dem Haaptacteur komm sinn, fir iwwert eng Suite vun der Geschicht ze schwätzen. Dem Culkin soll virschwiewen, dass de Kevin entretemps erwuessen, vläicht gescheet oder Wittmann ass an als elengerzéiende Papp säi Kand grouss zitt.

Dréibuch a Produktioun gi vum bekannte Comedy-Duo Seth Rogen an Evan Goldberg iwwerholl. Mee och de Culkin ass mat eegenen Iddien involvéiert. Den Acteur hat schonn e puermol duerchblécke gelooss, dass hien net grondsätzlech géint en neie Film wier, ënnert der Konditioun, dass d'Geschicht stëmmeg ass. En neie Regisseur ass nach net bekannt. Bei den zwee éischte Filmer war et de Chris Columbus gewiescht.

Vun der "Home Alone"-Rei gouf et no den zwee Filmer mam Macaulay Culkin an der Haaptroll nach weider Episoden. 1997 war "Home Alone 3" erauskomm, an deem d'Figur vum Kevin guer net opgedaucht war. An engem véierte Film koum 2002 en anere Kevin-Acteur vir, e fënneften Deel war 2012 just op der Tëlee gelaf an net am Kino. Zu enger Aart Neiverfilmung vun der Geschicht war et 2021 op Disney+ komm.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab