50 Joer Pressehëllef: "Sichmaschinne sinn antëscht Äntwerte-Maschinne ginn"

Op der Konferenz vu méi ewéi 4 Stonnen, mat enger gudder Dose Speakers an um Enn enger Table ronde mam Caroline Mart, ass et och méi ëm de finanzielle Businessmodell vun de Medie gaangen, ewéi ëm den Alldag oder d‘Inhalter vun de Medien.
1976 gouf d’Pressehëllef hei am Land agefouert – fir d’geschriwwe Press, déi deemools ëmmer méi Käschten hat an ëmmer manner Revenuen. 50 Joer méi spéit sinn net just Printmedien, mee d’Medien allgemeng - Tëlee, Radio an Onlinesitten - an der finanzieller Bredouille, wéinst de Soziale Medien (dat schonn zanter 20 Joer) an elo der kënschtlecher Intelligenz.
D’delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue: "D’Sichmaschinne sinn antëscht Äntwerte-Maschinne ginn an dat war awer traditionell d’Roll vun de Medien. Mir liewen och an enger Zäit vun Desinformatioun, wou béis gesënnten Auteuren d’Training-Donnéeë vun der KI mat falschen oder verzerrten Informatioune vergëften".
Deemno wier et "dringend", datt KI-Systemer sech op fiabel Informatioune vun deontologeschem Journalismus baséieren.
Pluralismus mat Staatshëllef?
D’Lëtzebuerger Pressehëllef, déi op d’Zuel vu Journalisten an enger Redaktioun baséiert, wier an hiren Aen och an deem Sënn noutwendeg. Geet d’Hëllef dann duer? De President vum Presserot a Chefredakter vum Journal Misch Pautsch sot mat bëssen Humor: "Méi froe kann een ëmmer", mee war éischter gudder Déng, datt ee kéint op d’Ënnerstëtzung zielen. Ouni déi géinge Pub oder Abonnement einfach net duergoen.

Op d’Fro, ewéi Begrëffer Pluralismus an Onofhängegkeet mat staatlecher Hëllef zesummepassen, huet de Misch Pautsch geäntwert: "Ech verstinn deen Awand, ech verstinn déi Angscht, déi vill Leit hunn". Allerdéngs wier d’Realitéit, datt an deem Comité, wou d’Pressehëllef decidéiert gëtt, Journaliste vertruede sinn an eng Kontrollfunktioun bestoe géing.
An datt dat, "leider Gottes fir alleguer déi Leit, déi sech do ganz interessant Virstellunge maachen, en extrem bürokrateschen an zimmlech langweilege Prozess ass".
Big Tech, Medien an de Public
Op der Konferenz ass et e Mëttwoch méi ëm d’Tensioun gaangen tëscht Auteurs-Rechter vu Journalisten op der enger Säit an op der anerer de Social Media, respektiv haut nach vill méi der Kënschtlecher Intelligenz, déi déi Inhalter benotzt fir hire sougenannten "Training", mee och fir d’Äntwerten, déi se produzéiert. Als eenzege Vertrieder vun der Tech-Branche war de Cédric Manara, Direkter fir d’Auteurrechter bei Google, do. Hien huet erkläert, datt den US-Techgigant fir seng Sichmaschinn Lizenze mat Medienhaiser verhandelt huet, fir hinnen e Brochdeel vun de Revenue weiderzeginn. Dat géing elo mat KI geschéien: "Mir léieren all zesummen, mee mir wäerte weider esou Partenariater entwéckelen a mir wäerten d’Zukunft vun der KI net géint d’Press getsalten, mee mat der Press".
De Président du directoire vun der franséischer Zeitung Lemonde, de Louis Dreyfus, huet him éischter Recht ginn: seng Zeitung hätt en Deal mat OpenAI (Mammenhaus vun Chatgpt) notamment a géing doduerch méi Leit erreechen, respektiv hätt kënne méi Leit astellen. De Misch Pautsch, mee och d’Pia Rehnquist, Cheffin vu Bonnier News Local, engem Reseau vu lokale Noriichteredaktiounen a Schweden, ware méi skeptesch.
De Martin Senftleben, Professer an intellektuell Proprietéit op der University of Amsterdam huet – ganz graff resuméiert – dofir plädéiert, datt e "prompt" eppes misst kaschten. E "prompt" ass eng Instruktioun oder en Uerder, deen en Utilisateur enger KI Maschinn gëtt.
Mir, RTL, kréien och limitéiert staatlech Hëllef, déi de Staat mat eisem Mammenhaus, dem RTL-Grupp verhandelt. Déi Hëllef deckt eise Service Public, ass gedeckelt an deckt just e finanziellen Defizit, deen nom Erausrechne vun de Revenuen, dem Apport vun Clt-Ufa an dem Notze vun der Reserv bleift. Hei fënnt een Detailer.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗