Iwwerschwemmunge kuerz virun Thanksgiving: Meter héich Wellen erreeche Küst vu San Francisco

Am US-Bundesstaat Kalifornien hu schwéier Iwwerschwemmungen d'Küsten erreecht. An der Bucht vu San Francisco sinn e Mëttwoch grouss Wellen u Land getraff, wéi et vum Nationale Wiederdéngscht NWS heescht. Lokale Medien no hunn d'Wellen um Ocean Beach, der wichtegster Plage vu San Francisco, eng Héicht vu bis zu 9,14 Meter erreecht. Schonn den Dag virdrun hat d'Metropol déi héchst Waasserstänn fir en November zanter méi wéi 40 Joer registréiert.

Zu Pacifica, enger klenger Stad südlech vu San Francsico, huet d'Flut a verschiddene Quartieren zu Iwwerschwemmunge gefouert. Autoe stoungen deels ënner Waasser, a verschidden Deeler stoung d'Waasser de Leit bis bei d'Knéien. Gewalteg Wellen hunn ausserdeem en alen Holzsteeg mat ewech gerappt.

Meter héich Wellen erreeche Küst vu San Francisco

Och wann d'Metropol "dat Schlëmmst" hannert sech hätt, sollten d'Leit hir Reespläng fir de laange Weekend ronderëm de Feierdag Thanksgiving iwwerdenken.

De Responsabele vum Internationale Fluchhafen zu San Francisco no waren d'Start- an d'Landepist do zwar net vun Iwwerschwemmunge menacéiert. D'Autoritéiten hunn d'Leit trotzdeem dozou opgeruff, hir Reespläng fir de laange Weekend ronderëm de Feierdag Thanksgiving en Donneschdeg z'iwwerdenken.

San Francisco hätt "dat Schlëmmst" hannert sech, esou de Buergermeeschter Daniel Lurie. Trotzdeem betount hien, datt de Waasserpeegel weiderhin héich wier, an huet zur Virsiicht opgeruff.

Laanscht déi kalifornesch Küst ass dem Wiederdéngscht no bis e Sonndeg inclus mat héije Wellen a Gefor op de Plagen ze rechnen. D'Rekordflut hänkt engersäits mat der aktueller Positioun vun der Äerd, dem Mound an der Sonn zesummen, déi zu aussergewéinlech staarke Gezäite féiert. Anerersäits kommen héich Uewerflächentemperature vum Mier am Kader vum Klimaphenomeen El Niño an domat e méi héije Waasserstand.

Beim bis ewell schlëmmsten Héichwaasser a Kalifornien am Januar 1983 war d'Flut bis op ronn 2,6 Meter geklommen. Och deemools ass d'Rekordflut mat Onwiederen an der Suite vum El Niño komm. D'Auswierkungen dovu ware katastrophal. Virun der Küst gouf et meterhéich Wellen, déi Schied a Milliounen Héich hannerlooss hunn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab