Waart Dir extra op "Black Friday"?: Vum schwaarzen Dag fir d'US-Police zu weltwäitem Publicitéitsevent

Shops advertise for Black Friday as they start to offer discounts and deals for the shopping day, which traditionally falls at the end of November, in Utrecht on November 21, 2026. (Photo by Robin Utrecht / various sources / AFP) / NETHERLANDS OUT

Et ass ee vun den Deeg, op deem an den USA am meeschte verkaf gëtt. Eng amerikanesch Traditioun, déi virun e puer Joren awer och an Europa ukomm ass. Millioune Leit op der ganzer Welt profitéieren op "Black Friday" oder wärend der "Black Week" vun deels enorme Remisen. Mä wou kënnt dës Traditioun iwwerhaapt hier?

Datt Black Friday op den Dag no Thanksgiving fält, ass keen Zoufall. Zanter de 50er Joren ass all Joer um Samschdeg no Thanksgiving den traditionellen American-Football-Match tëscht der Arméi an der Marinn. Dofir si schonn den Dag virdrun Honnerte Leit an d'Stad gereest. D'Mënschemass un Touristen, Football-Fans a Leit, déi Chrëschtdaagsakeef maachen, hunn zu esou massivem Verkéierschaos gefouert, datt déi komplett Police op der Plaz misst sinn. Well d'Beamten op deem Dag net fräi huelen dierften a vill Iwwerstonnen hu misse maachen, hu si den Dag a "Schwaarze Freideg" gedeeft.

An de Joren dono hu vill Butteker zwar probéiert den Dag a "Big Friday", also Grousse Freideg, ëmzebenennen, fir déi negativ Konnotatioun lass ze ginn, ma den Numm "Black Friday" blouf bestoen. Fir d'Geschäftsleit huet deen Dag nämlech och bedeit, datt hir Bilane vu rouden op schwaarz Zuele geklomme sinn - also datt si Gewënn gemaach hunn.

Am Laf vun de Joerzéngten huet sech de Black Friday vu engem Verkafsdag zu engem richtege Publicitéitsevent entwéckelt. Wat mat klenge Remisen ugefaangen huet, fir Clienten unzelackelen, gouf séier zu engem Phenomeen. Jidderee kennt d'Biller vu Mënschemaasen, déi stonnelaang viru Butteker waarden oder sech an de Butteker reegelrecht ëm Produite streiden, just fir eng gutt Affär ze maachen.

Mat der Aféierung vum Cyber Monday Ufank den 2000er - dee säin Numm duerch d'Mass un Online-Akeef krut - huet de Black Friday sech iwwer de Beräich vum physeschen Akaf eraus ausgebreet. D'Promotioune sinn haut dann och net méi just un een Dag gebonnen, mee zéie sech iwwert e puer Deeg. Trotz Krisenzäiten a vläicht manner Suen am Portmonni wëllen d'Konsumenten net ganz op hir Akeef verzichten a sichen dowéinst no gudden Affären, esouwuel an de Geschäfter ewéi och online.

Wéi ass et mat Iech? Ännert Äert Kafverhale mat esou Eventer?

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab