Aus dem Policebulletin: Handy zu Bouneweg aus den Hänn gerappt, Auto zu Bierchem geklaut

D'Police war an der Nuecht op e Sonndeg op zwou verschiddene Plazen am Asaz. Zu Bouneweg an der Rue Marie et Pierre Curie gouf fir d'éischt ee Mann gemellt, dee säin Handy aus der Hand gerappt krut, nodeems e vun zwee anere Männer ugeschwat gi war. Béid Persoune konnte sech doropshin duerch d'Bascht maachen.

E Sonndeg de Moie gouf der Police dann nach en Autodéifstall an der Rue du Chemin de Fer zu Bierchem gemellt. Bis elo onbekannt Täter haten hei déi hënnescht Fënster vun engem geparkten Auto ageschloen an doraus eng Rei Géigestänn wéi e Parfum, e Sonnebrëll, eng Auer an och den Autosschlëssel vun deem Auto, dee virdru stoung, geklaut. Mat dësem si si dann a Richtung Gare geflücht.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅