“Si schlofen all vill”: Prozess wéinst illegaler Rave-Party - déi Ugeklot koumen zu Wuert

De Bauer, de Bob Simon, hat en Dënschdeg gesot, datt d’Raver e risegen Dreckskoup hannerlooss haten. Den Daniel Baulisch huet gëscht Partie Civile fir hien erkläert.
"Ech hu 26.000 Euro gefrot. Dat ass deen absolutten, Minimum, (fir) deen Terrain do rëm an d'Rei ze sëtzen an och deen Ausfall ze bezuelen. An dat si minimal Beträg. Et muss ee bedenken, hei si dräi Recolten op sechsanenhallwen Hektar, déi ausgefall sinn, plus dat do rëm an d'Rei ze sëtzen, dat ass en absolutte Minimum an, wat, mäi Client mer seet: e fënnt nach haut d'Drecksereien."
Prozess Rave-Party / Rep. Michèle Sinner
Een Deel vun de Beschëllegten huet sech beim geschiedegte Bauer entschëllegt. An och dofir, datt se an der Naturschutzzon waren. "Mir hunn eis Méi ginn, fir de Knascht anzesammelen. Esou guer wann et net illegal gewiescht wier, wier dat kee Grond gewiescht, fir Knascht leien ze loossen", sot eng jonk Fra. Datt d’Party illegal war, hätt si net gewosst. Wéi si d’Police als éischt an Uecht geholl hätten, hätten si an hir Kolleegen direkt decidéiert, ze fueren. Ma déi eenzeg Sortie, déi si kannt hunn, war duerch eng Remorque blockéiert. Dofir koumen si net fort.
Duerch hir Froen hunn d’Riichterin an d’Vertrieder vum Parquet versicht, ze etabléieren, wie wéi eng Roll an der Organisatioun vun der Party hat, si hunn also nogehaakt, wat d’Leit gemaach hunn, wéi se um Site bei Hengescht ukoumen. "Schlofe gaangen", hunn der esou vill vun hinne geäntwert, datt d’Riichterin sech gewonnert huet, wéi vill op der Party geschlof gouf.
Net jidderee vun de Beschëllegten huet sech entschëllegt, mee si hunn all gefrot, hirt beschlagnaamt Material zeréck ze kréien. Dofir sot den Daniel Baulisch, hien hätt eng ganz negativ Impressioun vun hinnen: "Di sinn hei, fir hir Saachen erëmzekréien, hiren Eegentum an deen Eegentum, deen se vreckt gemaach hunn an zerstéiert hannerlooss hunn, dat interesséiert se net. Dat huet mech interpelléiert."
Ma ëmmerhin e puer vun hinnen hunn zouginn, datt se danzen a Party maache gaange sinn, wéi se ukommen. A schliisslech huet och ee vun hinnen zouginn, fir ee vun de Soundsystemer verantwortlech ze sinn. Nodeems e festgestallt hat, datt et bei deene ville – Zitat- "Märercher" e laange Mëtte géing ginn, huet sech de Vertrieder vum Parquet doriwwer richteg gefreet.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗