Am Alter vu 65 Joer: Duran Duran-Gittarist Andy Taylor gestuerwen
An engem Statement vun der Famill a vun der Band heescht et, den Taylor wier e Méindeg un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen.
Verëffentlecht: 25.11.26 22:58, Update: 25.11.26 23:02

De Gittarist vun Duran Duran Andy Taylor ass dout. No engem laangen a couragéise Kampf géint Kriibs un der Prostatt wier den Taylor e Méindeg, am Krees vu senger Famill, am Alter vu 65 Joer gestuerwen.
Den Andrew Taylor war tëscht 1980 an 1986, an nach emol vun 2001 bis 2006 Member vun Duran Duran. Virun allem an den 1980er Jore war déi brittesch Band weltwäit erfollegräich mat Hits wéi "The Reflex" an "The Wild Boys".
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗